Zënter enger Rei Joren herrscht zu Lëtzebuerg de Konsens, datt de Grand-Duché eng kolonial Vergaangenheet huet. Dozou dréit och elo dem Kevin Goergen seng Dokterthees bäi, un där hie 4 Joer laang geschafft huet.
Och Archiven am Kongo besicht
Am 100,7-Interview erkläert hien, datt hien Archiver zu Lëtzebuerg, an Däitschland, a Frankräich, an der Belsch an an der Demokratesch Republik Kongo besicht huet. Am Verglach wier et effektiv zu Lëtzebuerg am schwieregsten u verschidden Archivbestänn ze kommen.
Hien hätt um Enn awer alles kritt, wat hie gebraucht hätt, seet de Kevin Goergen.
Och um Haff krut hie keng Steng an de Wee geluecht. Dat ass net onwichteg ze erwänen, well schliisslech spillt de Prënz Felix, de Mann vun der Grand-Duchesse Charlotte, eng interessant Roll.
D'Roll vum Prënz Felix
Spéitstens Enn den 1920er Jore weist de Prënz Felix kloren Interessi un enger Lëtzebuerger Kolonie an Afrika. Ufanks am Belsche Kongo, wou hien och no enger Konferenz op de Lëtzebuerger Ingenieur Nicolas Cito zougaangen ass, fir en Terrain am Belsche Kongo ze kréien, deen hallef esou grouss war wéi Lëtzebuerg.
Et wier awer schwéier ze soen, ob dëst aus privatem Interêt war oder en Optrag vum Staat.
“Eng Kolonie ass virun allem Prestige gewiescht. Déi groussherzoglech Famill wollt e Stéck vum Kuch kréien.”
D’Belsch wieren net ofgeneigt gewiescht, seet de Kevin Goergen, mee schlussendlech koum et net dozou.
Ëm d’Joren 1929 an 1930 huet de Prënz Felix säi Bléck an de Mosambik geriicht, eng portugisesch Kolonie, an do zesumme mat anere Leit eng Kottengsentreprise gegrënnt.
No den Aventuriere koumen d'Ingenieuren
Dem Kevin Goergen seng Aarbecht konzentréiert sech op d’Period tëschent 1870 an 1970 a bleift dobäi um afrikanesche Kontinent. Hien ënnerdeelt d’Period dobäi a 4 Phasen.
Déi éischt Phas geet dobäi vun 1870 bis bei den Ufank vum Éischte Weltkrich. D’Zäit vun den Aventurieren ass eriwwer an eenzel Leit gi mat engem kloren Optrag op den afrikanesche Kontinent. Et sinn dëst zum Beispill Missionaren oder Ingenieuren.
Am deemolege Fräistaat Kongo ënner dem Léopold II si vill Leit gesicht ginn, déi een Unisdiplom haten, a sinn do och gutt bezuelt ginn.
Kolonialmuecht ouni eegen Terrainen
Tëschent dem Éischte Weltkrich an dem Zweete Weltkrich goufen d’Operatioune méi organiséiert. Lëtzebuerg hätt zu deem Ament wéi eng Kolonialmuecht gehandelt, ouni eng Kolonialmuecht ze sinn, betount de jonken Historiker.
Wann een Däitschland an d’Belsch als Spéitkolonialmuechte bezeechent, da wier Lëtzebuerg eng Kolonialmuecht, déi nach méi spéit koum, ass an der Dokterthees ze liesen. Dobäi hätt Lëtzebuerg keng Terraine gebraucht, fir wéi déi aner Kolonialmuechten ze handelen.
Deemools goufen et éischt offiziell Visitte vu Ministeren am Belsche Kongo. Och de Bëschof war do, genee wéi och industriell an ekonomesch Vertrieder aus dem Grand-Duché. De Lien mam Staat war och méi direkt wéi virdrun, well een net méi iwwer Associatioune gefuer ass.
“No 1945 hëlt de Staat d’Saache selwer an de Grapp.”
Kanner, déi net unerkannt goufen
An de spéiden 1950er Jore sollen eng 600 Lëtzebuerger am Belsche Kongo gewiescht sinn. Och an aneren Deeler vun Afrika ware Lëtzebuerger present, mee bäi Wäitem net esou vill. De Kevin Goergen erkläert och, datt et schwiereg ass, dozou exakt Chifferen ze fannen.
Mat der Dekolonisatioun an den 1960er Joren hëlt och d’Zuel vu Lëtzebuerger an Afrika rabiat of. Wat awer zeréckbleift si Kanner vu Lëtzebuerger Pappen, déi dës Kanner awer net unerkennen. E groussen an net onwichtegen Aspekt, op deen de Kevin Goergen bei senge Recherchë gestouss ass.
E bekannt Beispill ass de Jacques Leurs.
Wéi zu Lëtzebuerg iwwer de Sujet vun der Nationalitéit diskutéiert gouf, gouf festgehalen, datt Leit aus verschiddene Länner - zum Beispill Brasilien - déi Lëtzebuerger Nationalitéit kréie kënnen, wa si Lëtzebuerger Virfaren noweise kënnen. Dem Kevin Goergen no hätten an där Diskussioun e puer Länner gefeelt.
“Onofhängeg wéi een dozou steet, et wier interessant gewiescht, an deem Discours de Kongo mat eranzehuelen.”
Buch zur Aarbecht ass geplangt
Lëtzebuerg huet no den 1960er nach relativ staark um klassesch belsche Kolonial-Discours festgehalen, seet den Historiker. Dat nach bis an d’1980er Joren eran. Kritik un der eegener Geschicht koum eréischt spéit an den 1990er Joren.
Dem Kevin Goergen seng Aarbecht soll nächst Joer als Buch erauskommen. Hie wëllt op alle Fall d’Diskussioun am breede Public viruféieren.