Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kilometerlaang Stauen an Hessen a Vigilance orange a Frankräich

Däitschland a Frankräich

Kilometerlaang Stauen an Hessen a Vigilance orange a Frankräich

Och an den Nopeschlänner huet d‘Wierder e staarken Impakt. Virun allem an de Bundeslänner Rheinland-Pfalz an Hessen. A verschiddenen Departementer a Frankräich gëllt haut eng Vigilance orange

auto_stories

1 min

Wéinst dem Äisreen stoungen an Hessen bis an d'Nuecht Leit am Stau | © picture alliance/dpa | Bernd März
Kilometerlaange Stau an Hessen (Foto: picture alliance/dpa | Bernd März)

An Osthessen goufen et hënt op verschiddenen Autobunne kilometerlaang Stauen, well d‘Autoen net méi weiderkomm sinn. D‘Rettungsekippen hunn Decken a waarmt Gedrénks verdeelt. D‘Wierder behält och en Impakt op de Fluchverkéier. Fir haut sinn op en Neits eng ganz Partie Flich vum Frankfurter Fluchhafen aus annuléiert.

Am Frankräich gellt haut fir 20 Departementer am Norden eng Vigilance orange, wéinst dem Schnéi an dem Glatäis.