search

/ Kënnt de Peage op de belschen Autobunnen? D'Politik fäert ëm d'Konsequenzen

Grenzregioun

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Kënnt de Peage op de belschen Autobunnen? D'Politik fäert ëm d'Konsequenzen

Nodeems iwwer en Zeitungsinterview bekannt gouf, datt déi geplangte belsch Vignette keng Ausnam fir d’Grenzregioun virgesäit, waart d’Lëtzebuerger Regierung elo op eng offiziell Réckmeldung vun de wallouneschen Autoritéiten. Dat deelt de Mobilitéitsministère op eis Nofro hi mat.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Traffik | © Bigstockphoto / khongkitwiriyachan
Traffik (Foto: Bigstockphoto / khongkitwiriyachan)

De Mobilitéitsministère verweist a senger schrëftlecher Äntwert op déi lëtzebuergesch Propositioun: Dës gesäit vir eng méiglech Ausnam wat de Peage an der Grenzregioun ugeet ze préiwen. Iwwert eng Impaktstudie sollen d’Auswierkunge vun dëser Moossnam op d’Groussregioun analyséiert ginn. 

D’Aféierung vun enger belscher Vignette suergt scho méi laang fir Diskussioun. Am August haten eng Rei Deputéiert vun der DP en oppene Bréif un de belsche Premierminister an de wallounesche Minister-President geschéckt. Doranner gouf eng Ausnam fir d’Lëtzebuerger Grenzregioun gefuerdert. 

"Keng gutt Saach"

Zu der Annonce an der Presse, datt déi gefuerdert Ausnam elo anscheinend vum Dësch wier, sot den DP-Deputéierte Marc Hansen, datt d'Regierungspartei DP net frou wier iwwer dës Approche. Et géifen och nach vill Froen opstoe well et nach keng offiziell Réckmeldung aus der Belsch gëtt.

Dës wier definitiv keng "ganz gutt Saach" fir déi Lëtzebuerger déi Dagdeeglech an der belscher Grenzregioun ënnerwee sinn.

"Sief et fir op Lëtzebuerg ze kommen, sief et fir an d'Belsch ze fueren, ech mengen dat ass definitiv net gutt"

Wann dës déi final Decisioun aus der Belsch wier, da géifen een dës awer respektéieren.

"Mee mir wäerten dat natierlech elo mol eng Kéier alles genee duerchliesen, wa bis all d'Detail erauskommen.“

Verkéiersbelaaschtung fir d'Gemengen

Den LSAP-Deputéierten a Vize-President vun der Chamberkommissioun Mobilité et Travaux publics, Yves Cruchten schwätzt an deem Kader vun enger "fin de non-recevoir", déi déi Belsch Regierung Lëtzebuerg ginn hätt. Fir hien misst d'Lëtzebeurger Politik ophalen ze mengen, datt si "mat schéinem Schwätzen" iergendeppes erreechen kéinten.

An et misst een oppassen, datt eis Grenzregiounen net herno als Deviatioune benotzt gëtt, vun Automobilisten déi probéieren dat belsch Stroossennetz ze evitéieren.

"An datt en herno an de Grenzgemengen zu Lëtzebuerg, ech denken do Stengefort, awer och an alleguerten déi aner Gemengen aus dem Kanton Kapellen oder aus dem Kanton Reiden, datt do herno de Verkéier geet, well d'Leit wëllen eng belsch Vignette sech erspueren."

D’Regierung misst géint dës belsch Vignette op europäeschem Niveau virgoen, esou de Yves Cruchten. Dës wier nämlech antieuropäesch.

Nach keng offiziell Confirmatioun

Hien hätt de 14. Juli eng Motioun zu dëser Thematik deposéiert, déi wéinst der Summervakanz net méi dru komm wier. Dës sollt zäitno an der Chamber diskutéiert ginn, esou nach den LSAP-Deputéierte Yves Cruchten.

Enn leschter Woch hate Virgule an Essentiel d’Spriecherin vum wallounesche Mobilitéitsministère zitéiert. Si hat gesot, datt d’wallounesch Regierung d’Fuerderung gepréift, an d’Ausnam fir Lëtzebuerg ofgeleent hätt. Eng offiziell Annonce gouf et awer nach net.

play_arrow Lauschteren