DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes besicht haut Zuchinfrastrukturen an der Belsch
D‘Mobilitéitsministesch ass haut op Visitt an der belscher Province de Luxembourg. D'Yuriko Backes besicht, zesumme mat hirem belschen Homolog Jean-Luc Crucke, d‘Zuchinfrastrukturen, déi all Dag Dausende Frontaliere benotzen, deelt de Mobilitéitsministere mat.
Béid Ministere wéilten de Point maache vun den Aarbechten, déi zënter hirer leschter Visitt d‘lescht Joer gemaach gi sinn.
Béid Ministere besichen dofir Arel, Marbehan, Habay a Viville. Si sollen och kucken, wat fir Investissementer nach musse gemaach gi fir d‘Zuch-Offer tëschent den zwee Länner weider ze verbesseren.
Ob et och iwwer dee geplangte belsche Peage fir d‘Autobunne geet, gëtt am Communiqué net preziséiert.