Radioen

On air

Notturno  |  MJ Lenderman - Joker Lips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng méi streng Ziler virum Enn vum Verbrenner-Motor

EU-OFGAS-NORMEN FIR AUTOEN

Keng méi streng Ziler virum Enn vum Verbrenner-Motor

D’Majoritéit vun den EU-Länner huet sech dofir ausgeschwat, datt d'Grenzwäerter fir Autos-Emissiounen net eropgesat ginn. Lëtzebuerg war domat net d'accord. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
D’Majoritéit vun de Länner huet dee manner ambitiéisen Text matgedroen. (Foto: Bigstock)

Lauschterenplay_arrow

Den Text, iwwert dee sech d’Ministeren eens gi sinn, bleift hannert deem zeréck, wat déi Europäesch Kommissioun am November zejoert fir d’Euro7-Norme proposéiert hat.

Franz Fayot: Kouhandel fir Länner mat Autosindustrie

Entretemps huet d’EU d'Enn vum Verbrenner-Motor bis 2035 decidéiert. Grad en vue dovu ginn déi nei Normen net wäit genuch, sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

“Et ass am Fong ee Kouhandel fir Länner mat Autosindustrie, déi mengen, datt si u Kompetitivitéit verléieren. Wat ee schlechte Calcul ass. Et ginn aner Länner, wéi Kanada oder Amerika, déi mat vill méi héije Standarde weider schaffen. Et hätt eis gutt zu Gesiicht gestanen, an et wier am Interessi vun der europäescher Industrie gewiescht, wa mir dat och gemaach hätten.”

Nei bei Euro 7 wier am Fong just, datt verschidde Stëbs-Partikele mat géife regléiert ginn – dat géif Elektro-Autoe betreffen.

“Et sinn e puer Progrèse gemaach ginn, mat, Bremsen, de Batterien, de Pneuen, datt deenen Emissioune mat Rechnung gedroe gëtt, mee dat geet alles net duer.”

Norme bleiwen um Niveau vun Euro 6

D’Propose vun der Kommissioun wier wärend de Verhandlungen ëmmer weider verwässert ginn, sou den LSAP-Politiker. Dat hält och den däitsche Staatssekretär Sven Giegold fest.

“Die Testbedingungen und Grenzwerte für alle Fahrzeuglklassen sind unambitioniert und quasi wieder auf dem Stand der Euro6.”

De grénge Politiker huet sech zu Bréissel allerdéngs och missen am Numm vum Koalitiounspartner FDP fir eng manner gréng Cause asetzen, nämlech déi vun de ëmstriddene syntheteschen E-Fuels.

“Die Festlegung dieser Vorschriften ist für Deutschland von herausragender Bedeutung.”

Um Enn konnt Däitschland awer weder dat, nach méi streng Normen duerchsetzen.  

Déi, déi sech fir manner streng Reegelen agesat hunn, waren dogéint zefridden – dorënner Frankräich. De franséischen Industrie-Minister Roland Lescure seet, hei géif ee wichtege Message un d’Industrie geschéckt.

“Nous avons  message clair à l’enesemble des acteurs de la filière automobile de l’Union Européenne – qui pourront construire en toute visibilité une stratégie ambitieuse au cours des prochaines années.”

Lëtzebuerg huet den Text net mat gedroen

D’Majoritéit vun de Länner huet dee manner ambitiéisen Text matgedroen.

Lëtzebuerg war net dofir, eng verpasste Chance fir d’Industrie, fënnt de Lëtzebuerger Wirtschaftsminister.

“Et ass e bëssen zynesch fir ze soen, et misst een een Equiliber tëscht der Kompetitivitéit vun der Autosindustrie, dem Präis fir d’Konsumenten an der Santé vun de Leit ginn, déi deem ausgesat sinn, an dann och nach ze maachen, wéi wa mir eppes géife fir d’Decarbonisatioun ënnerhuelen, wat absolut net de Fall ass. Au contraire, mir maache just eppes fir d’Autosindustrie. Dat kann am Fong net sinn.”

D’Hoffnung op d’Verhandlunge mam Europaparlament

Den Accord ass eréischt valabel, wa sech Memberstaaten a Parlament eens ginn. Et ass net fir d‘éischte Kéier, datt méi kritesch Länner an esou Fäll op d’Europaparlament zielen. Och de Franz Fayot hofft dat.

“Datt d’Europaparlament sech sensibiliséiert, a probéiert, den Text hei considérablement nozebesseren, fir en erëm méi no ze bréngen un déi ursprénglech Fassung, déi awer vill méi wäit gaangen ass.” 


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.