arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etüd: Respekt vis-a-vis vu Policebeamten huet sech net bedeitend verschlechtert

National

|
reading time

2 min

Etüd: Respekt vis-a-vis vu Policebeamten huet sech net bedeitend verschlechtert

Et gëtt keng bedeitend Verschlechterung bei Rebellioun, Beleidegung a Gewalt géintiwwer Policebeamten, grad ewéi beim Refus, fir dem Uerder vu Beamten nozekommen. Dat geet aus enger Etüd zum Thema ervir, déi d’Generalinspektioun vun der Police, kuerz IGP, am Optrag vum Inneminister gemaach huet.

reading time

2 min

Police locale | © SIP / Julien Warnand
Police locale (Foto: SIP / Julien Warnand)

Aus de knapp 400 Äntwerte vu Polizisten a Polizistinnen, déi zeréck behale goufen, geet nämlech ervir, datt se bal all op d’mannst eng vun de genannten Infractioune schonn an hirem Alldag erlieft hunn, esou de Pascal Jann vun der IGP

"Mir hunn d'Polizisten och gefrot wéi si selwer d'Entwécklung aschätzen iwwert déi lescht fënnef Joer. An de Verdikt ass do am Fong u ganz eendeiteg ee vun der Verschlechterung, souwuel wat generell d'Verhältnis tëschent Bierger a Polizist ugeet, wéi awer och wat déi spezifesch Infraktiounen ugeet, déi mer an eiser Etüd gekuckt hunn."

Ma d’Zuele weisen eppes aneschtes: nämlech datt et keng bedeitend Hausse vun de Fäll an de leschte 15 Joer gouf. Dës Diskrepanz kéint bedeiten, datt et eng Donkelziffer gëtt, déi net erfaasst gëtt, well d’Beamte se net mellen. Ee Grond dofir kéint sinn, datt .Poliziste schätze ganz oft d'Warscheinlechkeet ganz kleng an, datt d'Auteure vun esou Faite wierklech fir u Geriicht kommen a bestrooft ginn, esou de Pascal Jann.

Infraktioune bléiwe dacks ouni juristesch Suite 

An iwwer der Hallschent vun de Fäll kënnt et nämlech net zu enger Uklo. D’IGP recommandéiert, datt de legale Kader an d’Strofe solle verschäerft ginn. De Refus, fir engem Uerder vun der Police nozekommen, kéint nämlech zum Deel Verfollgungsjuegd verursaachen.

"Well eeben e refus d'obtemperer ganz oft geschitt, fir méi schlëmm Infraktiounen ze verstoppen, zum Beispill wann een en ënner Afloss fiert vun Drogen an esou weider. An d'Course -poursuitten, dat krut mer oft confirméiert vun de Polizisten, si mat dat Geféierlechst, wat si an hirem Alldag erliewe kënnen. Am Moment ass den Tarif fir de Refus d'optemperer, wann en iwwer AT bestrooft gëtt, 2  Punkten an 145 Euro. An dat steet natierlech a kengem Verhältnis zu deene Strofen, déi ee verstoppe kann."

Den Inneminister Leon Gloden huet sech an der Chamberkommissioun fir verstäerkt Strofen fir déi genannt Infraktiounen ausgeschwat, wollt sech awer nach net definitiv festleeën. 

Fäll vu Gewalt géint Polizisten a Polizistinnen hunn an der Etüd iwweregens missten ausgeklamert ginn, well aus den Zuelen net ervir geet, ob ee Polizist oder ee Bierger betraff ass.