D'Kannerklinik ass, anescht wéi zejoert, net iwwerlaf. Zanter kuerzem ass et jo och méiglech d’Immunitéit duerch eng präventiv Prophylaxis ze stäerken, erkläert de Joël Mossong Epidemiolog beim Gesondheetsministère.
“Déi eenzeg gutt Nouvelle ass, datt eng Epidemie, déi vum RSV, dat ass dee Virus, deen d'Bronchiolite bei de Bëbeeë verursaacht, do gesäit et aus wéi wa mer bei engem Héichpunkt ukomm sinn.”
D’Grippesaison ass méi fréi lassgaangen ewéi soss
An de Statistike vun der Santé gesäit een datt d’Grippesaison méi fréi ugefaangen huet. Normalerweis gëtt et eng Hausse tëscht Enn Januar an Uganks Februar. D’Pandemie hätt do een Impakt gehat, betount de Joël Mossong.
“Mir sinn effektiv fréi dëst Joer un, mee dat huet nach ëmmer e bëssen dermat ze dinn, datt d'Immunitéit an der Bevëlkerung sech bësse verännert hat lo duerch d'Pandemie. Mir haten ebe Grippen-Epidemien zu komeschen Zäitpunkten an dat dauert lo warscheinlech e puer Joer, bis datt sech d'Gripp, erëm agependelt huet an dee Rhythmus, deen se virdrun hat”.
Den RSV-Virus zirkuléiert manner ewéi zejoert
De Virus dee bei Puppelcher Bronchiolitten ausléise kann ass dëst Joer manner present. Do misst een awer oppassen, betount de Joël Mossong. Am System de Surveillance dee grad opgebaut gëtt, géifen nach net all d'Laboen dat deklaréieren. Wéinst ënnerschiddlechen Indicateure bei RSV, kéint een déi Zuelen och nëmme schwiereg mat deene vun anere Vire vergläichen. D'Prophylax géif awer vill hëllefen.
"Et kann een awer trotzdeem scho soen, datt déi Profilax, ee groussen Impakt huet, bei de Kanner. Dat gesi mer virun allem am CHL, an der Pediatrie, wou dëst jo vill manner Fäll waren, wéi zum Beispill nach d'lescht Saison, an et gesäit een effektiv, datt dat e ganz groussen an ee positiven Impakt hat déi Immuniséierungscampagne, déi zanter Oktober leeft.”
Santé mécht sech keng Suergen
Vun deene Viren déi den Ament am Ëmlaf sinn, ass awer keen dobäi, deen der Santé géif Suerge maachen, ënnersträicht den Epidemiolog
"Am Moment ass näischt um Horizont, wou mer eis lo soen datt mer eis mussen op eng grouss Well preparéieren, wéi mer se an deene leschte Joren haten. D'selwecht bei der Gripp, do sinn och de Moment déi Viren, déi zirkuléiere relativ normal, dat heescht am Moment ass kee schlëmmere Virus do, dee kéint dozou féieren, datt musse méi streng Mesurë geholl ginn, wéi dat mol an dee leschte Joren de Fall war."
35% vun de vulnerabele Persounen si rezent géint Covid geimpft ginn. Mat dem Taux géif ee par Rapport zum Ausland net schlecht leien. Alleguer déi, wollte geimpft ginn, konnten dat och maachen.