Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng Schëss méi an der Gazasträif

Waffepaus an der Gazasträif

Keng Schëss méi an der Gazasträif

Zanter sechs Auer de Moie gëllt an der Gazasträif d’Waffepaus, op déi sech Israel a Palestina gëeenegt haten. De Katar war als Vermëttler tëscht den zwee Länner opgetrueden an huet annoncéiert, d’Wafferou géif op d’mannst véier Deeg daueren, kéint awer bis zu zéng Deeg verlängert ginn.

auto_stories

1 min

De Moien hunn eng zéng Ambulanze vum internationale Rouden Hallefmound ugefaange Patienten aus Gaza ze evakuéieren. Et sollen nach weider international Hëllefsgidder verstäerkt an d’Gazasträif eragefouert ginn.

Et géif een och hoffen, datt haut de Mëtteg um dräi eiser Zäit éischt israeelesch Geisele vun der Hamas fräigelooss wäerte ginn. D’Zuel vun 13 Fraen a Kanner steet am Raum. Am Géigenzuch wéilt Israel fir all fräigeloossene Geisel dräi palestinensesch Prisonéier fräiloossen.

Den israeelesche Verdeedegungsminister Joav Galant gesäit d’Waffepaus als Geleeënheet fir Waffen nozeliwweren a weider militäresch Aktiounen ze plangen. Sengen Aussoen no géing Israel domat rechnen, op d’mannst zwee weider Méint an der Gazasträif ze kämpfen.