Radioen

On air

One World  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng Iwwerraschung: Wladimir Putin kandidéiert bei den nächste russesche Presidentiellen

Politesch Konkurrenz setzt am Prisong oder gouf exiléiert

Keng Iwwerraschung: Wladimir Putin kandidéiert bei den nächste russesche Presidentiellen

De russesche President Wladimir Putin wäert sech bei den nächste Presidentiellen am Land nees opstellen. Dat melle russesch Medien. Dat wier da fir d'fënnefte Kéier. D‘Wale solle wärend ganzer dräi Deeg, vum 15. bis de 17. Mäerz, iwwer d‘Bün goen, hat do virdru schonn déi russesch Walkommissioun matgedeelt.

auto_stories

1 min

Kremlkritiker gesinn an där Dauer ee méi grousse Risiko fir Walbedruch. De Putin regéiert d‘Land zanter 2000 als President oder Premier.

Duerch eng ëmstridde Verfassungsreform, déi matten an der Covid-Zäit am Joer 2020 duerchgeboxt gouf, kann hien och nach bis 2036 um Pouvoir bleiwen. Seng politesch Konkurrenz ass iwwerdeems extrem kleng. Bal all Géigner, déi him kéinte geféierlech ginn, sëtzen entweder am Prisong oder goufen exiléiert.