D’Begeeschterung uechtert d’Land war grouss, ënner anerem um Public viewing um Knuedler an der Stad.
Kuerz viru 6 Auer gëschter Owend, wéi a Georgien mat de wichtegste Match an der Geschicht vum Lëtzebuerger Fussball ugepaff gouf, war um Knuedler d’Virfreed, awer och d’Uspanung bei de Supportere grouss.
"Mir kënnen dann op eemol et eise Kanner dono zielen, hei, Lëtzebuerg war an der EM, mir hunn et gesi mat eisen eegenen Aen."
Éischte Gol vu Georgien gouf oferkannt
An der 10. Spillminutt koum et zur éischter Offensivaktioun vun de Roude Léiwen, an d'Stëmmung goung direkt an d’Luucht. Nëmmen zwou Minutten drop waren d’Georgier allerdéngs no um 1:0 drun, wéi si de Potto getraff hunn.
Nodeems d’Lokalekipp an der 21. Minutt e Gol oferkannt krut, wéinst engem Feeler op de Lëtzebuerger Golkipper Anthony Moris, war et an der 40. Minutt awer gedoen. Lëtzebuerg ass no engem Gol vum Zivzivadze 0:1 hanne komm.
No enger schwaacher éischter Hallschent konnt et fir Lëtzebuerg an der Zweeter u sech nëmme besser lafen, an no enger éischter richteger Golchance vum Leandro Barreiro an der 51. Minutt huet et zwou Minutten drop am georgesche Gol gerabbelt. De Gerson Rodrigues huet de Ball eragesat, an de Knuedler ass explodéiert.
Knackpunkt vum Match
Déi kal Dusch koum awer séier, nach ier konnt ugestouss ginn: De spueneschen Arbitter ass nämlech vum Videoassistent op e Feeler vum Maxime Chanot an der Aktioun virdrun opmierksam gemaach ginn. Den Arbitter ass sech d’Biller ukucke gaangen an huet decidéiert, de Lëtzebuerger Gol ze annuléieren an dem Maxime Chanot d’Rout Kaart ze ginn, de Knackpunkt vum Match.
An der 63. Minutt ass dunn d’Entscheedung gefall, wéi nees den Zivzivadze zum 2:0 eragesat huet, zum Entsetze vun de Supporteren um Knuedler:
Kuerz virun 8 war Schluss, an den Dram war geplatzt.
"Enorm Enttäuschung"
Den David Marques, Journalist beim Quotidien, war ee vun den treie Supporteren, déi a Georgien matgereest waren. Kuerz nom Spill war säin éischte Fazit séier gemaach.
“Et ass einfach eng enorm Enttäuschung, bei de Supporteren, mee, ech ka mer virstellen, nach vill méi bei de Spiller."
De Knackpunkt vum Match, de presuméierten 1:1 vun de Lëtzebuerger, deen dunn oferkannt gouf, war schwéier zu Tiflis ze faassen.
“Et huet een net richteg verstanen, op der Tribün, wat ass geschitt. De Gerson Rodrigues schéisst den 1:1. Perséinlech kann ech et net aschätzen, ech hu keng Biller gesinn. Et war enorm Konfusioun.”
"Et war schwéier Stëmmung opzebréngen"
An den 2:0, kuerz dono, war den definitive Schlag an d’Genéck. "D'Euphorie war spéitstens du fort", sou den David Marques.
"Et waren net souvill Lëtzebuerger hei. Déi 400 ware propper verdeelt, op zwee verschidde Bléck, wäit auseneen. Mir sinn och an der Tëschenzäit gewuer ginn, dass och den M-Block et immens schwéier gemaach krut, fir seng Trommel oder säi Megafon matzebréngen. Also, mir waren an deem Stadion vun iwwer 50.000 Leit, déi do waren, immens isoléiert, soudass keng Chance do war, iergendwellech Stëmmung opzebréngen.”
Amplaz vun enger Finall, géint Griichenland, fir en EM-Ticket geet et dann elo en Dënschden an engem Frëndschaftsmatch am Stade de Luxembourg géint Kasachstan, deen anere Verléierer vum Owend.