Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zukunft vu Glyphosat an der EU weider onkloer

ËMTSRIDDENEN HERBIZID

Zukunft vu Glyphosat an der EU weider onkloer

An der EU krut d’Propositioun vun der Europäescher Kommissioun, den Herbizid Glyphosat fir weider zéng Joer zouzeloossen, net déi néideg Majoritéit. Elo soll eng Appell-Kommissioun tranchéieren.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Glyphosat | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

Lëtzebuerg huet beim Vott e Freideg de Mëtteg wéi erwaart géint d’Propose vun der Europäescher Kommissioun gestëmmt. Déi viraussiichtlech nei Lëtzebuerger Koalitioun tëscht DP an CSV huet dem Nach-Agrarminister Claude Haagen deemno keng aner Devise mat op de Wee ginn.

Lëtzebuerg huet wéi annoncéiert géint eng nei Autorisatioun gestëmmt

“Lëtzebuerg stëmmt géint eng Verlängerung vun der Autorisatioun vu Glyphosat”, dat hat den LSAP-Minister Enn September am 100Komma7-Interview gesot, et géif dobäi bleiwen, sou en Donneschdeg eis géintiwwer d’Confirmatioun vum Claude Haagen.

Beim Vott de Mëtteg hunn nieft dem Grand Duché just nach Ungarn an Éisträich Neen zur Propose vun der Kommissioun gesot.

Keng qualifizéiert Majoritéit fir eng Verlängerung

18 Länner waren dofir. Virun allem awer well grouss Länner ewéi Däitschland a Frankräich sech nieft véier aneren (Bulgarien, Belsch, Holland an Malta) enthalen hunn, koum net déi néideg qualifizéiert Majoritéit zesummen, fir dem Herbizid gréng Luucht fir déi nächsten zéng Joer ze ginn. Fir op déi Majoritéit ze komme mussen op mannst 15 Länner, déi op mannst 65 Prozent vun de Leit, déi an der EU liewe representéieren, hir Zoustëmmung ginn.

Déi wëssenschaftlech Donnéeë géingen net duer, fir d’Sprëtzmëttel ganz ze verbidden, mee säin Asaz misst ganz streng limitéiert ginn, sou e Freideg de Moien de President vun der Ëmwelt-Kommissioun am Europaparlament. Genee dat awer wier duerch d’Propose vun der Kommissioun net garantéiert, erkläert de Pascal Canfin, déi franséisch Positioun.

Neien Ulaf am November

D’Kommissioun hätt elo nach Zäit, hir Positioun ze iwwerdenken an eng nei Proposen ze maachen. Den Ament géif et awer net dono ausgesinn, sou de franséische Liberalen.

“Les signaux que nous avons, démontrent une faible volonté de mouvement la part de la Commission. Ce sera à un moment donné pas seulement la responsabilité des gouvernements membres mais ce sera aussi et avant tout la responsabilité d'Ursula Von der Leyen, puisque à la fin c’est elle qui va trancher.”

Elo gëtt nämlech am November an enger Appell-Kommissioun tranchéiert. Wa sech d’Memberlänner net eens ginn, respektiv wann och do keng qualifizéiert Majoritéit zesumme kënnt, kann dono d’Europäesch Kommissioun eleng eng Decisioun huelen. Dat ass esou an den europäesche Reegele virgesinn. An dat hat d’Europäesch Kommissioun och bei där leschter Verlängerung vun der Autorisatioun fir Glyphosat esou gemaach. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Ëmwelt