Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Stella - Adagio

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keen onkontrolléierten Asaz vun autonome Waffesystemer

François Bausch

Keen onkontrolléierten Asaz vun autonome Waffesystemer

Et soll net zu engem onkontrolléierten Asaz vun autonome Waffesystemer kommen, betount de Verdeedegungsminister François Bausch: Néideg wiere rout Linnen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

François Bausch | © European Union play_arrow
François Bausch (Foto: European Union)

Autonome Waffesystemer, déi net am Respekt vum Vëlkerrecht a vum internationalen humanitäre Recht kënnen agesat ginn, solle verbuede ginn, esou d’Approche vun der Lëtzebuerger Regierung. 

Systemer, déi dëst Recht respektéieren, solle reguléiert ginn, seet de Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch.

"Virun allem bei Waffesystemer brauche mir eng Kombinatioun vu Reegelen, well dat eng immens Bedroung fir eis Gesellschaft kann duerstellen. A well virun allem bei autonome Waffesystemer oder kënstlecher Intelligenz anzesetzen am militäresche Beräich, dat vill méi einfach ass, wéi bei anere bedreeleche Waffesystemer."

De Regierungsrot hat ee Freideg déi national Definitioun vun autonome Waffesystemer ugeholl, op Basis vu Recommandatiounen, déi een interministeriellen Aarbechtsgrupp an de leschte Méint ausgeschafft hat.

Ee permanenten Ethik-Comité

Dem grénge Politiker François Bausch no, soll an Zukunft garantéiert sinn, datt de Mënsch ëmmer d'Responsabilitéit behält.

"Datt kee sech kann iwwer een autonome System deresponabiliséieren, a virun allem, datt de Mënsch nach ëmmer de Contrôle doriwwer behält, iwwert dat ganzt, dat heescht, datt mir net dierfen an eng Situatioun kommen, wou op eemol een automatesche Waffesystem eegestänneg handelt an eegestänneg quasi Decisioune kann huelen."

Beim Staat soll et an Zukunft ee permanenten Ethik-Comité ginn, mat ënnert anerem Experten aus dem Beräich kënschtlech Intelligenz: ee Comit, dee sech och mat militäresche Froe soll befaassen.

Den Ausseministère gëtt zoustänneg, fir de Suivi vum ganzen Aktiounsplang zu den autonome Waffesystemer ze maachen.

Lauschterenplay_arrow