Een Haaptchantier ass d’Streck Stad-Beetebuerg. Do géif et de gréissten Enkpass ginn, mee et wier ee mat den Aarbechten am Zäitplang. D’Zil wäier et, op där Streck d’Kapazitéit ze erhéijen a Richtung Minett a Frankräich. Sou solle vu September 2027 u bis zu 8 Zich pro Stonn an eist Nopeschland rullen, amplaz vu 6 de Moment, erkläert de Marc Hoffmann, Direkter vun der Gestion infrastructure bei de CFL.
“Dat ass elo net méi sou ganz laang, nach gutt zwee Joer, vill Aarbecht, awer da wierklech e grousse Sprong, mengen ech, fir eis Clienten.”
E weidert Objektiv wier, d’Zich aus dem Minett an aus Frankräich ze trennen, soudass déi eng Streck keen Impakt méi op déi aner hätt. Wéinst deenen Aarbechte wäert et dann och an der Ouschter- an an der Summervakanz keen Trafic op der Streck Stad-Beetebuerg ginn.
1.000 Zich den Dag
D’Aarbechte limitéiere sech awer net op déi Streck, sou de Generaldirekter Marc Wengler. Donieft léich de Fokus dëst Joer nach op der Stater Gare, Ëlwen, Ettelbréck an dem Houwald.
Et wier schonn a géif weider immens vill investéiert an den Takt an d’Luucht gesat ginn, soudatt ee schonn op iwwer 1.000 Zich den Dag um Reseau wier. Dobäi huet een an der CFL-Chefétage 4 grouss Prioritéiten.
“Méi Kapazitéiten, méi Qualitéit, besser Déngschtleeschtungen, an natierlech zum Schluss och ëmmer d’Sécherheet. D’Sécherheet ass eis éischt Prioritéit.”
An deem Kontext war et zum Beispill d’Nouvelle, datt mat Millbech an Dummeldeng-Gare zwou weider Barriäre bis d’éischt Semester 2027 fortkommen.
Nei Elektrobusser vergréisseren d'Flott
An noer Zukunft kommen och nei Zich mat méi Sëtzplazen an den Asaz. Dozou sot d’Sophie Lacour, Direktesch vun den Activités voyageurs.
“Nous sommes en train de finaliser les tests pour la grande version des Coradia qui sera une Coradia à 6 voitures, donc plus de 700 places.”
Am zweete Semester dëst Joer géifen déi an de Betrib kommen, nieft 12 Elektrobussen, déi dës Flott nach ergänzen.