Den Ament reegelt een EU-Gesetz vun 2006 d’Indicatiounen op Liewensmëttel an Ernärungsgsergänzungsmëttel. D’Europäesch Kommissioun hat sech am Fong engagéiert, bis 2010 eng Lëscht vun deenen Indikatioune virzeleeën, déi erlaabt sinn.
Konsumente loosse sech beaflossen
Déi gëtt et bis haut awer net. Dowéinst elo d’Erënnerung vum Parlament, sou d’Rapportrice vum Parlament an deem Dossier, déi Lëtzebuerger Gréng Tilly Metz.
“Well mir wëssen, iwwer Studien, datt, d'Konsumenten an d'Konsumentinne sech beaflosse loossen a méi kafen, wann dropsteet, dëst ass gutt fir d'Entwécklung vun de Schanken oder dëst vermeit, datt een altert oder wat och ëmmer, dat huet schonn en Influenz op d'Akafsverhalen.”
„No added sugar“ – keng Garantie fir ee gesonde Produit
Beispillsweis d’Indikatioun, datt an engem Produit keen Zocker zougesat gouf, wier awer keng Ausso iwwert d’Qualitéit, seet och d’CSV-Europadeputéiert Martine Kemp.
“No added sugar, dat heescht awer net, datt e Sirop oder aner Produite genotzt goufen, fir et ze séissen. Mir sinn dru gewinnt, datt vill Zocker, Salz an eise Produiten ass. An de Produzent ass natierlech drun intresséiert, datt eis de Produit schmaacht, dowéinst gëtt no aner Weeër gesicht, fir Zocker zousätzlech dran ze maachen.”
Aktuell huet all EU-Land seng eege Reegelen, dat ass oniwwersiichtlech. D’Kommissioun sollt kloer an eenheetlech Ernärungsprofiller ausschaffen, sou d’Fuerderung vum Parlament.
Online-Reklamme si net gereegelt
Wichteg wier et och Reegele fir d’Online-Reklammen opzestellen, dat virun allem mam Bléck op jonk Consommateuren.
“Eis Jugendlecher sinn immens vill mat Onlinewerbung konfrontéiert, an och do ass de Langage net wierklech ugepasst. Och do kritt ee Saache suggeréiert, déi vläicht a Wierklechkeet sou sinn an awer och nach e gewëssenen Undeel u Fett dran ass, e gewëssenen Undeel u Salz a gewëssenen Undeel un Zocker.”
Keng Kontrolle bei planzleche Produiten
Wat bis elo komplett feelt, sinn och eenheetlech Reegele fir planzlech Produiten, erkläert d’Tilly Metz
“Do ass bis elo guer näischt kontrolléiert, déi si bis elo en Suspens, dat heescht, datt an Tëschenzäit och egal wat driwwer behaapt ka ginn”.
Och hei missten d’Indikatiounen op wëssenschaftlech Etüde baséieren. Eppes, wou d’Kommissioun bis elo gezéckt huet, wëll déi dacks kléng Entreprisen an deem Secteur esou Etüden net bezuele kënnen.
Et ass ee sech bewosst, datt d’Kommissioun an dëser Legislaturperiod net méi mat där gefroter Propos kënnt. Am Parlament hofft een awer, datt d’Debatt nees ugestouss ass. Um Enn bleift dee gréissten Deel vun der Responsabilitéit beim Konsument selwer, fënnt d’Tilly Metz. Deemno missten d'Konsumente sensibiliséiert ginn, fir generell op eng gesond Ernärung opzepassen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.