arrow_back_ios

article

article

/ Bréissel: Ouverture vum éischte Centre Pompidou an der Belsch

Belsch

|
reading time

1 min

Bréissel: Ouverture vum éischte Centre Pompidou an der Belsch

Zu Bréissel geet haut de Kanal-Centre Pompidou op. De Musée ass an enger aler Citroëns-Garage a soll Konscht, Kulturen o Architektur verbannen.

reading time

1 min

Spillplaz am Kanal-Centre Pompidou zu Bréissel | © picture alliance/dpa | Katrin Luxenburger
Spillplaz am Kanal-Centre Pompidou zu Bréissel (Foto: picture alliance/dpa | Katrin Luxenburger)

Am Norde vun der belscher Haaptstad steet déi 40.000 Quadratmeter grouss Hal, vun der franséisch Autosmark Citroën, aus den 1930er Joren. An der fréier "Kathedrale vun der Autosindustrie" kann ee, vun haut un, modern an zäitgenëssesch Konschtausstellunge kucke goen. Och Film-Presentatiounen oder soss Konschtopféierunge sollen hei kënnen ofgehale ginn. 

Kooperatioun mam Centre Pompidou a Frankräich 

Een Deel vun der Konscht déi hei ausgestallt gëtt, kënnt aus dem Präisser Centre Pompidou. Nieft den Ausstellungshale gëtt et och eng Bibliothéik, eng Spillplaz an e Fuerschungszentrum. Et wier dee gréisste Muséesprojet a ganz Europa, heescht et vun den Organisateuren. Dës Weekend fir d'Ouverture ass d'Entrée fir verschidden Deeler vum Musée gratis. 

De Projet ass a Kooperatioun mat de Centre Pompidou aus Frankräich entstanen. D'Ëmbauaarbechte vun der Citroëns-Garage lafen zënter 2020. Wéi déi belsch Noriichtenagence Belga mellt, hätt de Projet ronn 230 Milliounen Euro kascht