arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Prix Marcel Duchamp 2026 geet un de Kënschtlerduo David Brognon a Stéphanie Rollin

Kultur

|
reading time

1 min

De Prix Marcel Duchamp 2026 geet un de Kënschtlerduo David Brognon a Stéphanie Rollin

De Lëtzebuerger Kënschtlerduo David Brognon a Stéphanie Rollin ass mam Prix Marcel Duchamp ausgezeechent ginn. D'Iwwerreechung war gëschter am Musée d’Art Moderne zu Paräis. De Prix Marcel Duchamp ass ee vun de renomméiertste Präisser fir zäitgenëssesch Konscht a Frankräich.

reading time

1 min

David Brognon, Stéphanie Rollin | © Paris Musées / Guillaume Blot
David Brognon, Stéphanie Rollin (Foto: Paris Musées / Guillaume Blot)

Den David Brognon a d'Stéphanie Rollin kruten de Präis fir hiert Wierk aus Stongen, déi fréier Alkoholiker bei Selbsthilfegruppe kréien, fir d'Zäit an der si dréche sinn ze belounen. 

De Präis ass mat enger Expo an 90.000 Euro dotéiert. Den David Brognon an d’Stéphanie Rollin ware sech 2006 am Mudam hei zu Lëtzebuerg begéint. Aus hiren Echangen si séier konkreet Konschtprojete ginn. Aus Employéen si fräischaffend Kënschtler:inne ginn.

Och bekannt fir hir Droneshow um Trounwiessel

Virun 10 Joer hu si Lëtzebuerg verlooss a sech zu Paräis installéiert. Ënner anerem, well si d’Gefill haten, datt hir Konzept-Konscht hei net wierklech appreciéiert an ënnerstëtzt gëtt.

Eng Aarbecht vum Kënschtlerduo konnt de Grand Public iwwregens 2025 hei am Land beim Trounwiessel gesinn: Si hunn nämlech d'Droneshow entworf.

De Prix Marcel Duchamp ass nom franséisch-amerikanesche Kënschtler Marcel Duchamp benannt. Hien gëllt als Pionéier vum Dadaismus a Surrealismus an huet tëschent 1887 a 1968 gelieft. De Präis ass am Joer 2000 an d'Liewe geruff ginn.