arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsch Atomexpertin: "Reakter 1 vu Cattenom huet substanziell Sécherheetsdefiziter"

Energie

|
reading time

2 min

Däitsch Atomexpertin: "Reakter 1 vu Cattenom huet substanziell Sécherheetsdefiziter"

De Reakter 1 vun der Atomzentral vu Cattenom huet substanziell Sécherheetsdefiziter: Dat ass d’Resultat vun enger Etüd, déi Greenpeace Lëtzebuerg bei der däitscher Physikerin an Atomexpertin Oda Becker an Optrag ginn huet.

reading time

2 min

© EPA/OLIVIER HOSLET
(Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

De Reakter huet dëse Mount déi 40 Joer Betribszäit erreecht, fir déi en eigentlech gebaut gi war. 

Greenpeace wëllt Verlängerung verhënneren

Elo soll eng nei Iwwerpréiwung uganks d’nächst Joer gemaach ginn, fir d’Lafzäit ëm weider 10 Joer ze verlängeren. Der Etüd no géifen awer och déi nodréiglech Verbesserungen net duergoen, fir déi sëllege Schwächte vum Reakter auszegläichen, mengt d’Oda Becker.

"Der weitere Betrieb über 40 Jahre für Reaktor Nummer 1 ist mit bekannten, ich weiss viel über die Schwächen, mit bekannten, aber auch mit unbekannten Risiken verbunden, weil ich eben viele Sachen über den Zustand der Anlage nicht weiss. Die Betriebserfahrungen zeigen, dass aufgrund systematischer Mängel der tatsächliche Zustand der Anlage nicht dem für die Sicherheitsnachweisen angenommenen Zustand entspricht." Und das wird ja nicht besser. Das wird ja, mit der Alterung, immer weiter zunehmen."

Besonnesch am Fall vun Naturkatastrophen, Fligeraccidenter oder Dronenattacke wär d’Anlag net genuch geschützt. Un d’Regierunge vun den Nopeschlänner mécht Greenpeace dofir den Appell, weider Drock op déi franséisch Regierung ze maachen, fir eng Lafzäitverlängerung ze verhënneren.