Den Tëschefall hätt keng Konsequenze gehat fir d‘Sécherheet vun der Atomzentral, d‘Personal an d‘Ëmwelt, esou Electricité de France.
Gëschter eréischt hat déi däitsch Atomexpertin Oda Becker erkläert, datt de Reakter 1 Sécherheetsdefiziter géif opweisen. Si hat eng Etüd duerchgefouert, déi Greenpeace Lëtzebuerg der Physikerin an Optrag ginn hat.
Der Etüd no géifen nodréiglech Verbesserungen um Reakter 1, dee seng Lafzäit vu 40 Joer erreecht huet, net duergoen, fir déi sëllege Schwächte vum Reakter auszegläichen, hat si erkläert.