De Kanada, deem seng Relatioune mat den USA ënner Drock gerode wieren, huet decidéiert nei Partnerschaften an Alliéierten ze siche mat deenen een eng vertrauensvoll Kooperatioun kann opbauen, och wann d’Relatioune mam Nopeschland nach staark sinn, huet de Kanadeschen Defenseminister David McGuinty ënnerstrach.
"Mir wäerte weiderhin eng ganz staark Relatioun mat eisem südlechen Noper hunn, mee mir wäerten eis Bezéiungen och ausbauen, besonnesch am Beräich vun der Verteidegung. Zum Beispill beim Akaf oder der Produktioun vu militäreschem Material. Mir sichen d'Zesummenaarbecht mat Länner, déi änlech denken."
Selwecht Wäerter spillen eng Roll bei der Kooperatioun
Et géif ee wëlle mat Leit zesummeschaffen, déi déi selwecht Wäerter hunn an déi mengen, wat se soen, esou den McGuinty.
"Dat ass wichteg fir Kanada. Mir hu scho séier gehandelt séier, well mir am leschte Joer weltwäit méi wéi 20 nei Handels- a Verdeedegungsofkommes ënnerschriwwen hunn. An en Deel vum Grond, firwat mir haut hei sinn, ass et, eng méi déif Relatioun mat Lëtzebuerg ze stäerken an ze festegen."
Kanada bleift ee Partner an deen ee kéint Vertrauen hunn, souwuel wat déi industriell Kooperatioun am militäresche Beräich ugeet, ewéi och um Niveau vun der NATO, huet d’Defense-Ministesch Yuriko Backes ënnerstrach.
"De Minister ass och bei der SES. Dat ass och eng ganz flott Visitt. Wann ech op der NATO sinn, da schwätzen ech och ëmmer vun eise Capacitéiten do, déi mer och verschidden Alliéierten zur Verfügung stellen, wou mer wierklech eng valeur ajoutée hunn, well mer do eng grouss Erfarung an deem Domän hunn."
Zesumme gouf eng Initiative lancéiert fir eng Bank fir d’Defense, d’Sécherheet an d’Resilienz ze schafen déi et de klengen a mëttelgrouss Entreprisen déi an deem Secteur aktiv sinn u Finanzmëttel ze kommen. Lëtzebuerg huet zënter engem Joer, eng Ambassade a Kanada.