D‘AWACS-Maschinnen si momentan am däitsche Geilenkirchen stationéiert an zu Lëtzebuerg immatrikuléiert. D'Fligere kënne an engem Radius vu bis zu 400 Kilometer de Loftraum iwwerwaachen.
D‘NATO wollt uganks Boeing-Maschinnen an den USA bestellen. Nodeems dës elo awer ugekënnegt hunn aus dem AWACS-Iwwerwaachungsprogramm eraus ze klamme, gouf elo de Fournisseur changéiert.