Lëtzebuerg huet an der lescht villes gemaach am Kampf géint d‘Korruptioun, mee dierft sech elo net op deene Succèsen ausrouen. Dat ass de Fazit vun der OECD, an hirem neie Rapport iwwert déi transnational Korruptioun. Dora gëtt de Grand-Duché gelueft, ënner anerem fir d‘Verfassungsreform, wou de Statut vun de Magistrate moderniséiert a gestäerkt gouf.
D‘Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung bemängelt awer, datt déi Reform doduerch fragiliséiert gëtt, well et u Ressource am Justizberäich feelt.
Lëtzebuerg zéckt vill bei der Ëmsetzung
E weidere Kritikpunkt: Lëtzebuerg géif nach ze vill zécke bei der Ëmsetzung vun der Konventioun iwwert de Kampf géint Korruptioun. De Grand-Duché misst méi proaktiv gi bei den Enquête fir korrupt Persounen an Associatiounen, och am Ausland, ze fannen.
Ausserdeem wieren d‘Sanktiounen, déi fir Korruptioun virgesi sinn, net streng genuch a géife keen ofschrecken. Lëtzebuerg misst och méi aktiv ginn am Kampf géint Blanchiment, sou nach d‘OECD.