All Joer stierwe 600.000 Mënschen u Malaria, déi duerch Moustiquen iwwerdroe gëtt, 95 Prozent dovun an Afrika. Malaria ass besonnesch déidlech fir Kanner ënner 5 Joer. Si maachen iwwer 80 Prozent vun den Doudesfäll aus.
arrow_back_ios
search
search
/ Kamerun féiert eng systematesch Impfung géingt Malaria an
Als éischt Land op der Welt
Kamerun féiert eng systematesch Impfung géingt Malaria an
Kamerun ass dat éischt Land op der Welt, dat eng systematesch Impfung géint Malaria aféiert. Fir d‘Weltgesondheetsorganisatioun ass dat eng historesch Etapp am Kampf géint Malaria. Haut huet déi éischt Impfcampagne ugefaangen.
auto_stories
1 min

Malaria (Foto: picture alliance / NurPhoto | Soumyabrata Roy)