Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kamerun féiert eng systematesch Impfung géingt Malaria an

Als éischt Land op der Welt

Kamerun féiert eng systematesch Impfung géingt Malaria an

Kamerun ass dat éischt Land op der Welt, dat eng systematesch Impfung géint Malaria aféiert. Fir d‘Weltgesondheetsorganisatioun ass dat eng historesch Etapp am Kampf géint Malaria. Haut huet déi éischt Impfcampagne ugefaangen.

auto_stories

1 min

Malaria | © picture alliance / NurPhoto | Soumyabrata Roy
Foto: picture alliance / NurPhoto | Soumyabrata Roy

All Joer stierwe 600.000 Mënschen u Malaria, déi duerch Moustiquen iwwerdroe gëtt, 95 Prozent dovun an Afrika. Malaria ass besonnesch déidlech fir Kanner ënner 5 Joer. Si maachen iwwer 80 Prozent vun den Doudesfäll aus.