Radioen

On air

Notturno  |  Son Lux - Prophecy Feat. Nina Moffitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kamerun féiert Impfung géint Malaria an

Tropesch Krankheeten

Kamerun féiert Impfung géint Malaria an

Kamerun ass dat éischt Land op der Welt, dat eng systematesch Impfung géint Malaria aféiert. Fir d‘Weltgesondheetsorganisatioun ass dat eng historesch Etapp am Kampf géint Malaria.

auto_stories

1 min

Haut huet déi éischt Impf-Campagne ugefaangen.

All Joer stierwe 600.000 Mënschen u Malaria, déi duerch Moustiquen iwwerdroe gëtt, 95 % dovun an Afrika. Malaria ass besonnesch déidlech fir Kanner ënner 5 Joer, si maachen iwwer 80 % vun den Doudesfäll aus.