Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Frankräich gëtt de Congé parental reforméiert

Korrespondenz

A Frankräich gëtt de Congé parental reforméiert

Virun zwou Wochen hat de franséische President Emmanuel Macron ugekënnegt, den aktuelle Congé parental duerch een neie Congé naissance ersetzen ze wëllen. Dëse soll méi kuerz a besser remuneréiert ginn an esou virun allem de Mammen de Retour an d’Aarbechtswelt erliichteren.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Klengt Kand | © Marcin Jozwiak / Unsplash play_arrow
Foto: Marcin Jozwiak / Unsplash

429 Euro pro Mount a bis zu dräi Joer fort vun der Aarbechtsplaz: dat sinn d’Modalitéite vum aktuelle Congé parental a Frankräich. An de leschte Joren hunn awer just 1 Prozent vun de Pappen a 14 Prozent vun de Mammen ee Congé parental nom Congé maternité, respektiv paternité, geholl. De Grond dofir wier natierlech engersäits déi schlecht Bezuelung, mee och d’Konsequenze vun der laanger Absence op der Aarbecht, seet d’Déborah David, Affekotin bei der Etude De Gaulle Fleurance. 

Däitlech méi kuerz

Den néie Congé naissance, deen d’nächst Joer komme soll, wäert däitlech méi kuerz ewéi zwee bis dräi Joer ginn. Geplangt si sechs Méint, déi awer de Congé maternité vu 16 Wochen oder paternité vun 28 Deeg matabegräifen. Ee méi laange gesetzleche Congé bréicht et net, dat hätt d’Erfarung vum Congé parental gewisen, sou d’Déborah David. 

Méi Sue versprécht d’Regierung beim néie Congé. Amplaz vun engem fixe Montant soll d’Remuneratioun sech um Salaire orientéieren. 50 Prozent vun dësem stinn am Raum. Dat wier fir d’Ekonomistin Rachel Silvera awer net genuch, besonnesch am Fall vu Fraen, déi wéineg géinge verdéngen. Nach net gekläert ass d’Fro, wéi den néie Congé finanzéiert gëtt, respektiv ob d’Employeure sech bedeelegen. Fir d’Déborah David wier dat de falschen Usaz.

Et brauch och ee Mentalitéitswiessel

D’Rachel Silvera begréisst, datt de Congé de Retour an d’Aarbechtswelt kéint erliichteren, mee dofir bréicht een och déi néideg Plaze fir d’Kanner daagsiwwer ënnerzebréngen. Den néie Congé wier wichteg fir d’Egalitéit am Beruffsliewen, mee et misst awer och e generelle Mentalitéitswiessel kommen, fënnt d’Déborah David. Et bleift deemno ofzewaarden, ob den néie Congé a senger schlussendlecher Form dozou bäidroe kann.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Gesondheet
International
Politik a Gesellschaft