Radioen

On air

E-Lodie  |  Julien Demoulin - A Trial of Distances (.foundation rework)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ BIGS, Mouvéco an natur&ëmwelt goufen net mat agebonnen

Käerjenger Contournement

BIGS, Mouvéco an natur&ëmwelt goufen net mat agebonnen

Déi Suessemer Biergerinitiative BIGS, de Mouvement écologique an natur&ëmwelt si rosen, datt si net mat agebonne gi bei der Ausaarbechtung vun der neier Variant vum Käerjenger Contournement.

auto_stories

1 min

Den Owend wier eng Reunioun mat de Gemengeréit vu Suessem a Käerjeng mam Minister, an obwuel si gefrot hätte fir do derbäi ze sinn, wieren si net invitéiert ginn.

Déi zwou Ëmweltschutzorganisatiounen an d‘Biergerinitiative fuerderen, datt si an all Etuden agebonne ginn, well schliisslech wier et jo och hinnen ze verdanken, datt iwwerhaapt iwwer Alternativen nogeduecht gouf an datt de Bobësch an d‘Natura-Zon erhale bleiwen.