Fir dës Etüd hu véier KI Assistente Froen iwwer d'Aktualitéit gestallt kritt. Bei 45 Prozent vun den Äntwerten hätt et op mannst ee Feeler oder Problem ginn, esou ee Resultat vun dëser Etüd, déi vun der europäescher Radio an Televisiouns Unioun UER koordinéiert gouf.
D'KI-Assistenten hunn zum Beispill dacks al Informatiounen erëm ginn, déi net méi stëmmen oder hu satiresch Texter mat faktuellen Informatioune verwiesselt.