arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ KI-Dësch zu Senneng: “Konstruktiv an nëtzlech Gespréicher”

Kënschtlech Intelligenz

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

KI-Dësch zu Senneng: “Konstruktiv an nëtzlech Gespréicher”

Nom sougenannte KI-Dësch am Schlass vu Senneng, hunn d’Regierung, d’Gewerkschaften a Patronat vu “konstruktiven an nëtzleche Gespréicher” iwwer den Impakt vun der Kënschtlecher Intelligenz op d’Aarbechtswelt an op Gesellschaft geschwat.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
De Premier Luc Frieden nom éischte KI-Dësch | © Pierre Reyland
De Premier Luc Frieden nom éischte KI-Dësch (Foto: Pierre Reyland)

Et wier ee sech eens, datt d’Kënschtlech Intelligenz vill Chancen, mee och Risikoe mat sech bréngt, huet et no de Gespréicher geheescht.

Keng klassesch Tripartite

De Premier Luc Frieden (CSV) war virop zefridden datt, obwuel et keng klassesch Tripartite war, de KI-Dësch am Dräier-Format war.

Geschwë géif och eng nächst Reunioun zu dräi iwwer d’KI organiséiert ginn, esou de Premier:

“Mir wëllen, datt d'KI vum Mënsch gesteiert gëtt, an am Déngscht vun de Mënsche steet. Och dat deele mer zu dräi an duerfir musse mer dat och gemeinsam ugoen.”

Dat géif heeschen, datt een eng “richteg Sensibilisatioun” misst maachen, dat heescht d’Informatioun un d’Leit an d’Betriber ze ginn.

“Mir mussen d'Leit begleeden. Nei Jobbe wäerten entstoen, anerer wäerte sech änneren. A fir dat nach méi genee erauszefannen, hu mer decidéiert, datt mer musse verschidde Sujeten nach méi am Detail studéieren, thematesch och sektoriell.”

Eng detailléiert Etude géif elo gemaach ginn iwwer den Impakt vun der KI op verschidde Secteuren. Duerno wëllt d’Regierung nach eng Kéier de Gewerkschaften an dem Patronat zesumme kommen, esou de Premier Luc Frieden.

play_arrow Lauschteren