"Fir Fraen, Kanner an d'Allgemengheet virun de Risike vu gefälschte pornographesche Contenuen, déi mat Hëllef vun der Kënschtlecher-Intelligenz-Technologie generéiert goufen, ze schützen, huet d'Regierung den Accès zur Grok-Applikatioun temporär blockéiert," sot d'Ministesch fir Kommunikatioun a Digital Affären, d'Meutya Hafid, an enger Erklärung.
UK an EU préiwen den KI-Assistent och
Den Elon Musk selwer huet iwwerdeems déi brittesch Regierung kritiséiert, déi aktuell och iwwerleet, Grok ze verbidden.
Et wier e faschisteschen Zensur-Versuch, esou de Musk.
Och d‘EU-Kommissioun huet e kritescht Aen op d‘KI vun X geworf: Bréissel zweifelt drun, datt X sech un europäesch Digital-Gesetzer hält.
Op der Plattform hu rietsextrem Iddien an Haassopriff an de leschte Joren däitlech zougeholl.