search

/ Just virun den ëmkämpfte Midterms lancéieren d'USA nees Attacken op den Iran

USA

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Just virun den ëmkämpfte Midterms lancéieren d'USA nees Attacken op den Iran

Haut um Dënschdeg gëtt an den USA gewielt. Bei de Midterms steet de Pouvoir am amerikanesche Kongress um Spill, an d’Zukunft vum Donald Trump senger Presidence och. Deen huet iwwerdeems nees den Iran attackéiere gelooss.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/AL DRAGO
(Foto: EPA/AL DRAGO)

D'Demokrate sinn optimistesch, datt si d’Muecht souwuel am Representantenhaus, wéi och am Senat vun de Republikaner iwwerhuele kënnen, an esou den Donald Trump a senge leschten zwee Joer uerg limitéiere kënnen.

Et geet ëm den Donald Trump, ëm seng zwee verbleiwend Joer am Wäissen Haus, d’Inflatioun, säi Krich am Iran, seng Immigratiouns-Politik, och wa säin Numm net um Walziedel steet.

"Maacht wéi wann ech um Stëmmziedel wier, well eigentlech sinn ech et. Wat mir gemaach hunn, dat gouf et nach ni, a si wäerten et alles direkt zerstéieren. Dat kënne mir net zouloossen. Mir mussen e Message schécken. Wa mir esou héich gewanne wéi ech et mengen, kuckt wéi vill Leit hei sinn, da verschwanne si nees an hire Lächer."

Demokraten hoffen op blo Well

Si, dat sinn d’Demokraten, déi fir d’éischte Kéier zënter Laangem nees Optimismus weisen. Eng blo Well soll et ginn an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch.

An déi muss et gi wa si genuch Sëtzer a béide Chambere gewanne wëlle fir d’Majoritéiten am amerikanesche Kongress fir sech ze behaapten.

Gi rout Héichbuerge verluer?

Geschwat huet den Donald Trump zu Dubuque am Bundesstaat Iowa e Sonndeg den Owend. Duerno ass hien och nach an de Staat Kansas gereest fir déi republikanesch Kandidaten do ze ënnerstëtzen.

Datt dat iwwerhaapt néideg war seet vill aus. D'Demokrate mengen, datt si och do, an deene konservativen Héichbuergen, gewanne kënnen.

Een Drëttel vum Senat gëtt nei gewielt, a wéi all zwee Joer dat ganzt Representantenhaus. Éischt Resultater wäert et schonn e Mëttwoch de Moie Lëtzebuerger Zäit ginn. Mee wéinst de ville Courssen, déi knapps ausgoe wäerten, muss ee villäicht bis zu e puer Deeg op déi grouss Conclusioune waarden.

USA lancéieren nees Attacken op den Iran

Kuerz virun de Kongresswalen hunn d‘USA Attacken op déi iranesch Insel Qeschm an der Strooss vun Hormus lancéiert. Dat mellen US-Medien.

Déi staatlech iraneschen Noriichtenagence mellt Explosiounen op der Insel. US-Offizieller schwätze vu limitéierten Attacken als Äntwert op Attacke vun den iranesche Revolutiounsgarden op amerikanesch Fligeren.

Den Donald Trump hat nach uganks Oktober annoncéiert, datt een den Iran net virun de Midterms wéilt ugräifen.

play_arrow Lauschteren