arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump: Keng Attacken op den Iran virun de Midterm-Walen

USA

|
reading time

1 min

Donald Trump: Keng Attacken op den Iran virun de Midterm-Walen

Den US-President huet dementéiert, datt d'USA nach virun de Midterms den 3. November nei militäresch Attacken op den Iran plangen.

reading time

1 min

© EPA/FRANCIS CHUNG
(Foto: EPA/FRANCIS CHUNG )

Op senger Plattform “Truth Social” huet den Donald Trump geschriwwen:

"Mir wäerten den Iran zu kengem Zäitpunkt virun de Midterm-Walen den 3. November an den USA attackéieren.“

Gläichzäiteg huet den US-President erkläert, datt déi amerikanesch Regierung konstruktiv Gespréicher mat Teheran géif féieren.

Onbeléifte Krich

Virdrun haten US-Medie méiglech nei Attacken op iranesch Ziler nach virun de Walen am November gemellt.

De Krich mam Iran ass bei der amerikanescher Populatioun onbeléift.

De Blockage vun der Strooss vun Hormus huet d'Liewenskäschten an d'Bensinnspräisser an USA däitlech an d'Luucht gedriwwen. Dat kéint dem Trump senge Republikaner bei de Walen den 3. November schueden.