Eigentlech wier säi Kontrakt zu Liverpool nach bis Mëtt 2026 gelaf, mee hien hätt net méi d‘Kraaft, fir den nämmlechte Job ëmmer erëm ze maachen, huet de 56 Joer alen Däitschen erkläert.
De Jürgen Klopp war zanter 2015 Trainer vu Liverpool. Hien hat ënnert anerem 2019 d‘Champions-League an 2020 den englesche Meeschtertitel mat hinne gewonnen.