Déi franséisch Assemblée nationale huet e Verbuet op sozial Medie fir Kanner ënner 15 Joer an d'Weeër geleet. Australien huet zënter Enn 2025 en änleche Verbuet a Kraaft. Och zu Lëtzebuerg gëtt doriwwer diskutéiert.
Et kléngt wonnerbar: Mir verbidden déi sozial Medie fir déi Jonk a scho sinn si rëm glécklech. Déi schrecklech Biller am Kannerkapp, de Mobbing a déi Gewaltexzesser: Alles gëtt besser wann TikTok a Whatsapp gespaart ginn?
Wat fir e Quatsch.
Et kënnt op de familliären Hannergrond un
Déi sozial Medie fir eng Grupp an engem Land ze verbidde funktionéiert net, aus vill verschidde Grënn. An et ass och keen Allheelmëttel. Déi Notzung vu soziale Medien ass nämlech just ee Gronn fir de Malaise vun eise Kanner.
Déi Jonk maache sech ganz vill Suergen ëm Krich a Klimawandel an den Handy ass ganz kloer e Stressfaktor. Mee Kanner, déi staark familiär Ressourcen hunn, kënne mam Handy an de soziale Medie ganz gutt ëmgoen.
International Studie vu Jugendfuerscher a Psychiater bestätegen hinnen e robuste Schutzeffekt. Dës Kanner schwätze mat den Elteren iwwer schlecht Erfarungen am Netzt. Si ziele Kolleege vu grujelegen Inhalter a si ginn zum Ausgläich an de Sport oder op de Familljenausflug.
Kuerz: Si si resilient a kompenséiere schlecht Biller um Handy mat positiven Erfarungen am richtege Liewen. Experten nennen dat en analoge Puffer.
Flucht an d'sozial Medien
Zu Lëtzebuerg hu vill Kanner esou e Puffer awer net all. En Drëttel vun eise Schüler a Schülerinnen ass dacks onglécklech, heescht et an enger Studie vum Observatoire national de l’enfance. Virun allem Ängscht an Einsamkeet huelen zou. Bei de Meedercher och Depressiounen.
Kanner aus alle soziale Schichten si betraff, mee e Véirel vun de Jonken huet en extra héicht Risk fir mental krank ze ginn: Si sinn aarm an Aarmut ass den éischten a wäitaus wichtegste Gronn dofir, datt et Mënschen och mental schlecht geet.
Zu Lëtzebuerg liewen 30.000 Kanner un der Aarmutsgrenz. Vill vun hinnen hu wéineg Wunnraum, vill familiäre Stress an d’Elteren si mat hinnen iwwerfuerdert statt se ze stäipen. Kee Wonner, datt si sech aus dem Misär an déi sozial Medie flüchten, déi hinnen nach méi Misär maachen.
De Kanner e Puffer bidden
Den Educatiounsministère ass dowéinst en Alerte. No Covid gouf den nationale Referenzkader fir de Bien-être am Lycée nei ausgeschafft a vill verschidden Hëllefe lancéiert, fir datt méi Jonker manner verluer sinn.
All Kand soll en analoge Puffer kréien. D’Lycéeë sinn dowéinst lo verflicht, e Jugendtreff unzebidden, mat Kicker, Karaoke an ouni Handy, fir all déi, déi doheem keen hunn a sech och ni an e Ballet géifen trauen.
En plus muss elo an all Lycée ëmmer een Expert present sinn, mat deem déi Jonk iwwer hir Suerge kënne schwätzen, och an der Vakanz.
An et ginn Éischt-Hëllef-Coursen ugebueden, wou ganz Klassen an hir Enseignantë léieren, mental Krise vu Jonker ze erkennen a richteg ze reagéieren. Dobäi kënnt den Handyverbuet an all Schoulen a vill méi Medienbildung.
Chatte wärten déi Jonk ëmmer
Natierlech geet dat net duer. Et braucht och en effikasse Jugendschutz am Netz, international Reegelen an Altersaschränkunge fir déi verschidde Plattformen. Dat ass e politeschen Challenge, dee mir als Erwuessener eise Kanner schëlleg sinn.
En nationaalt Verbuet vun de soziale Medien ass par conter just politeschen Aktionismus. En Totalverbot mécht eis Jonk net méi resilient, mee dat ass fir si eng Strof. Whatsapp an TikTok sinn e wichtegen Deel vun hirer Welt. Déi Verdreiwung doraus wäerte si net akzeptéieren.
Si si gutt vernetzt a fanne sécher Weeër, fir weider ze chatten.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.