Radioen

On air

Concert  |  Zwee tschechesch Komponisten

play_arrow Live
search

/ Jugend als Stëmm vum Klima: Lëtzebuergesch Delegéiert op der Klimakonferenz zu Baku

Klima

Jugend als Stëmm vum Klima: Lëtzebuergesch Delegéiert op der Klimakonferenz zu Baku

Op der Weltklimakonferenz, déi haut um Méindeg am Aserbaidschan ufänkt, gëtt et eng Première. Fir d'éischte Kéier si Membere vum Jugendrot Deel vun der offizieller Delegatioun. Fir Lëtzebuerg sinn zwou jonk Vertriederinnen op Baku gereest.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

COP29 | © picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka

Text: Pebia Urban

CYD: Dat steet fir Climate Youth Delegates, oder souzesoe Klima-Delegéiert. Den Ëmweltministère huet eng Konventioun mam Jugendrot ënnerschriwwe fir e CYD-Programm.

Opklärung als Haaptprioritéit

D'Natasha Lepage, eng vun den zwou Vertriederinnen, sot am Virfeld vun hirer Rees op Baku, datt si Jonker am Virfeld consultéiert hätten an doraus hir Prioritéite fir d'Klimakonferenz ofgeleet hunn.

Eng vun de Prioritéite wier d'Opklärung. Déi Jonk sollte besser informéiert ginn, fir datt si all Mëttelen hunn, fir sech ze engagéieren. Et misst een hinnen och eng Plattform bidden, fuerdert d'Natasha Lepage.

"Déi Jonk sollen eng richteg Stëmm hunn an och eng Plaz um Dësch."

Fossil Brennstoffer sollen ofgeschaaf ginn

Zousätzlech gëtt gefuerdert, datt all d'Subventioune fir fossil Brennstoffer agestallt ginn. Am Virfeld goufen Echangë mat Schüler:innen organiséiert, wéi zum Beispill um Campusfest vum Geesseknäppchen, fir d'Fuerderunge vun de Jonken am Beräich vun der Klimapolitik erauszefannen.

Nieft den zwou CYD-Vertriederinne sinn och fënnef Jonker vum Projet Youth 4 Climate Action op Baku gereest. Si wäerte sech am Aserbaidschan ënner anerem mam Ëmweltminister Serge Wilmes an Aktivisten aus Afrikanesche Länner an Norwegen treffen.

Ëmweltminister: Jonken nolauschteren a konkret Mesuren ëmsetzen

De President vum Nohaltegkeetskomittee aus dem Lycée Robert Schuman, de Julien Lemmer Veloso erkläert, datt een zu Baku och Echangë mat de Climate Youth Delegates wäert hunn. Hien ënnersträicht, datt nolauschtere wichteg ass, mee datt och de Suivi vun de Fuerderunge garantéiert muss ginn.

"An dat heescht, dofir kämpfe mir, datt et net nëmme representéiert gëtt, mee och, datt dono d'Saachen ëmgesat ginn."

Differenzéierung tëschent den CYD a Youth 4 Climate Action

De Projet Youth for Climate Action ass ënner anerem vum Nohaltegkeetskommitee opgestallt ginn. Hir Memberen zu Baku sinn awer net Deel vun der offizieller Delegatioun, am Géigesaz zu den zwou jonke Climate Youth Delegates.

Lauschterenplay_arrow