Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Josep Borrell: Am Noutfall muss Israel eng Zweestaateléisung opgezwonge ginn

Weider kontrovers Ausso

Josep Borrell: Am Noutfall muss Israel eng Zweestaateléisung opgezwonge ginn

Am Noutfall muss déi international Gemeinschaft Israel eng Zwee-Staate-Léisung mat de Palestinenser opzwéngen, dat sot elo den europäeschen Aussebeoptragte Josep Borrel bei enger Ried a Spuenien.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
(Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

Anescht géif den Haass sech Generatioun ëm Generatioun weider dréien. Israel an d‘Palestinenser selwer wieren net méi fäeg e Kompromëss ze maachen, esou de Borrell. De Borrell huet Israel och reprochéiert en Opbau vun der Hamas mat finanzéiert ze hunn, fir déi gemäässegt palestinensech Autonomieautoriteit am Westjordanland ze schwächen, an esou e Palestinenesche Staat ze verhënneren. Den israeelesche Premier Benjamin Nethanjahu weist esou Kritiker ëmmer zréck.