arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Josée Lorsché: "Hat net domat gerechent zeréck an d'Chamber ze kommen"

Politik

|
reading time

4 min

headphones

12 min

play_arrow

Josée Lorsché: "Hat net domat gerechent zeréck an d'Chamber ze kommen"

Dat sot déi nei a fréier gréng Deputéiert am 100,7-Interview. Si wäert an der Chamber déi fréier Ëmweltministesch Joëlle Welfring ersetzen, déi bei d'Europäesch Investitiounsbank wäert goen. Datt dofir der Joëlle Welfring hir Aufgaben a Ressorte wäerten tel quel iwwerholl ginn ass awer net de Fall.

reading time

4 min

headphones

12 min

play_arrow
Josée Lorsché | © Radio 100,7
Josée Lorsché (Foto: Radio 100,7)

Vun der grénger Sensibilitéitscheffin Sam Tanson wier d’Josée Lorsché iwwer den Abschid vun der Joëlle Welfring informéiert ginn an doropshin och direkt gefrot ginn, ob si dat Mandat wéilt iwwerhuelen. Eng einfach Fro fir d’Josée Lorsché.

“Do hunn ech net laang gezéckt. Ech hu mat menger Famill geschwat natierlech an do war d'Decisioun du séier getraff.”

Fir déi 64-Joer al Politikerin war et och keng Optioun, der Véiertgewielter aus dem Bezierk Süden, der fréierer Deputéierter Semiray Ahmedova, de Virtrëtt ze loossen. Dat aus engem bestëmmte Grond.

“Ech hu mir gesot, ech sinn och utile, ech sinn Drëttgewielt an ech sinn der Meenung, datt wann ee mat a Wale geet, datt een dann och d'Mandat soll unhuelen, well soss ass een net éierlech par Rapport zu senge Wieler:innen.”

Dat wier och iwwerhaapt keng Diskussioun gewiescht an d’Semiray Ahmedova hätt hir direkt gratuléiert, esou d’Josée Lorsché.

Wéi geet et am Beetebuerger Gemengerot weider?

Nieft hirer "neier" Funktioun als Deputéiert ass d’Josée Lorsché och Schäffin am Gemengerot zu Beetebuerg. Ob a wéi et do fir si virugeet, wollt si nach net verroden.

“Elo schaffen ech mech emol erëm an d'Dossieren an. An d'Gemeng, do sinn ech gutt ënnerwee, mee déi Fro stellt sech elo de Moment net. Wa se sech stellt, da gitt Dir dat gewuer.”

Éischter Santé wéi Ëmwelt

Der fréierer Ëmweltministesch Joëlle Welfring hire Ressort an der Chamber war offensichtlech d’Ëmwelt. D’José Lorsché wäert dee Ressort awer éischter net iwwerhuelen. Dat géif de Meris Šehović maachen. Wéi genee d’Ressorten elo géife bannent der grénger Sensibilitéit verdeelt ginn, géif een nach diskutéieren, esou d’Josée Lorsché, déi awer e Favorit huet.

"Ech selwer hat ëmmer de Volet Santé, also dee ganze Beräich Santé a wier ganz interesséiert do weiderzeschaffen, do wou ech dann opgehalen hunn 2023."

Am Santésberäich géif och den Ament villes net esou lafen, wéi et sollt, fënnt d’Josée Lorsché. Generell misst een d’Beruffer am Gesondheetssecteur zu Lëtzebuerg vill méi opwäerten. Och bei Aide-soignante beispillsweis: Et wier een do vill ze ofhängeg vum Ausland.

Iwwerdeems hätt een eng Penurie un Dokteren.

"Ech denken notamment un d'Psychiateren, wou mir wëssen, datt ganz vill Leit net bäikommen, virun allem Jonker a Kanner. Déi waarden e Joer op e Rendez-vous an et kann net sinn, datt mir e Plan Santé Mental op d'Bee gestallt hunn, deen awer dann net tel quel ëmgesat ka ginn, well et u Leit feelt."

Dofir misst onbedéngt e Master an der Medezin zu Lëtzebuerg kommen. Deen ass och geplangt, allerdéngs steet den Timing nach net fest.

De Konflikt tëschent der AMMD an der CNS beschreift d’Josée Lorsché iwwerdeems als "schued". Am Endeffekt géif do virun allem de Patient schlecht ewechkommen.

Josée Lorsché kënnt zeréck an eng Sensibilitéit, net méi an eng Majoritéit

2023, wéi d’Josée Lorsché fir d’Lescht an der Chamber war, waren déi gréng nach zu néng Deputéierten. Haut sinn et der nëmmen nach véier.

Et wier awer keng Fro vun der Zuel, mee éischter ënner wéi enger Form een an der Chamber agéiere géif, esou déi gréng Politikerin.

"An der Oppositioun huet ee méi d'Fräiheet. Wierklech déi Iddien ze vertrieden, déi engem am nooste leien. An enger Majoritéit muss een natierlech ëmmer Rücksicht huelen op de Koalitiounspartner."

An déi Majoritéit waren déi gréng bei der leschter Wal bei Wäitem net méi komm. Op dat schlecht Walresultat vun 2023 wéilt een awer net méi zeréckkucken.

Walen 2028 - Ass d'Josée Lorsché mat dobäi?

De Bléck wier elo no vir geriicht. Et wier ee selbstkritesch bannent der Partei an hätt d’Theema dacks diskutéiert. Fir bei der nächster Wal nees matzegoen, wier d’Josée Lorsché och net ofgeneigt.

"Dat decidéieren net ech, dat decidéiert d'Partei. Ech sinn natierlech bereet, fir d'Partei do ze sinn. Ech soen awer schonn direkt, datt ech mech elo net virdrécken, fir als Spëtzekandidatin do ze figuréieren. Dat war ech dräimol an do wëll ech wierklech jonke Leit awer de Virtrëtt loossen."

Et wier een och gutt opgestallt, besonnesch um Niveau vun de jonke Leit, déi an de leschte Jore bei déi gréng als Memberen dozou gestouss wieren an an de Gemengen aktiv sinn. Op déi géif een och fir d’Zukunft bauen, esou nach d’Josée Lorsché.

 

play_arrow Lauschteren