Radioen

On air

Vue sur mer  |  Edsun - Blue Detainee

play_arrow Live
search

/ déi jonk gréng: CSV-DP feelt et u kohärenter Positioun zur Atomkraaft

No Aussoe vum Luc Frieden

déi jonk gréng: CSV-DP feelt et u kohärenter Positioun zur Atomkraaft

déi jonk gréng fuerderen a Saachen Atomkraaft vun der CSV-DP Regierung eng gemeinsam a kohärent Positioun géint d‘Entwécklung an den Ausbau vun Atomenergie. Déi géif den Ament, wéi et schéngt, feelen.

auto_stories

1 min

Atomkraaftwierk | © picture alliance/dpa/Revierfoto
Atomkraaftwierk (Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto)

déi jonk gréng kritiséieren an engem Communiqué dem Premier Luc Frieden seng rezent Ausso, datt d‘Lëtzebuerger Regierung technologieoppen a manner ideologesch a Bezuch op d‘Atomfuerschung wier.

D‘Regierung wier do, wéi et schéngt, offensichtlech net op enger Linn, den Ëmweltminister Serge Wilmes hätt sech weider géint Atomkraaft ausgeschwat, an d‘DP wier Member vum Nationalen Aktiounscomité géint Atomkraaft, esou déi jonk gréng.

Si betounen, datt och modern Atomkraaftwierker net zouverlässeg wieren, a méi deier, wéi aner Technologien.