Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Alain Rix: “Jidderee soll froen, wat e mengt”

Horesca

Alain Rix: “Jidderee soll froen, wat e mengt”

Zënter e puer Woche leeft e Pilot-Projet vun der Horesca, mat deem an Hoteller, Restauranten a Bistroe Waasser vum Krunn ugebuede gëtt. D’Membere vun der Federatioun vun Hoteller, Restauranten a Caféen hunn dëst gutt ugeholl, seet den Horesca-President Alain Rix. Hien hofft, datt weider Etablissementer matmaachen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

240 vun den 1.200 Horesca Betriber sinn aktuell bei dësem Projet dobäi. Si bidden de Leit an hiren Etablissementer Drénkwaasser vum Krunn un. Dat ass vill méi ëmweltfrëndlech wéi d’Markewaasser aus de Fläschen. Fir de Projet kruten d'Betriber déi matmaache 24 gratis Waasserfläschen à 750 ml ugebueden. Do ass e QR Code drop, mat deem de Client sech kann iwwer d'Qualitéit vum Waasser informéieren.

Wat kascht et de Client?

“Jidderee ka froe wat e wëllt”, seet den Alain Rix, “Deen et fir näischt wëllt ginn, dee mëscht dat. Deen deen eppes wëllt froen, mécht dat och”. Schliisslech wier dat Drénkwaasser mat Käschte verbonnen. Aktuell gi Präisser tëschent 2 € an 2€90 gefrot. D'Hotelieren, d'Restaurateuren an d'Cafetiere mussen d’Waasser bezuelen, d'Fläsche spullen, si verbrauchen och Elektresch dofir. “Bei all deem soll de Projet a kengem Fall dozou féieren, datt de Secteur manner verdéngt", seet den Alain Rix.

Et wier zum Beispill och normal, datt e Stärerestaurant méi deier freet, ewéi e Café oder eng Brasserie. Dat einfach well de Service vill méi deier ass.

Verglach mat Frankräich

A verschiddene Länner, ënner anerem a Frankräich, ass et normal, datt een fir näischt eng Karaff Waasser op den Dësch kritt. “Dir kënnt dat franséischt Drénkwaasser net mat eisem vergläichen”, seet den Alain Rix. Zu Paräis zum Beispill kann ee kee Waasser drénken...Dat ass voller Chlor."

Lauschterenplay_arrow