Radioen

On air

Notturno  |  Florence Adooni - Mam Pe'ela Su'ure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jérôme Merker: Mam Seegelboot eleng iwwert den Atlantik

SOT EMOL

Jérôme Merker: Mam Seegelboot eleng iwwert den Atlantik

2023 war fir de Lëtzebuerger Seegler Jérôme Merker sécher e Joer dat him laang Zäit, wann net esouguer säi Liewe laang an Erënnerung wäert bleiwen, mat senger Participatioun un der „Mini-Transat“, enger transatlantescher Course mam Seegelboot.

auto_stories

3 min

headphones

57 min

play_arrow
​​​​​​​(Foto: Jérome Merker)

Et war eng grouss Erausfuerderung an eng Aventure fir de Jérôme Merker a sengem dach relativ klenge Seegelboot eleng iwwert den Atlantik bis op Guadeloupe ze seegelen, wat him awer als éischte Lëtzebuerger och gelongen ass.

“Ech verbannen dee Projet, déi Rees déi ech do gemaach hunn, mat vill positiven Erënnerungen. Jo, et kann een e bësse Recul huelen a sech soen: Wow, et ass super wat s de do geleescht hues.”

Eng modern Aventure

Et gehéiert vill dozou, fir eleng an engem Seegelboot ouni alt ze vill technesche Support iwwert den Atlantik ze seegelen: Courage, Wëllen, Passioun, Vertrauen an och Loscht a Freed um Seegelen.

Speziell un dëser transatlantescher Course ass och, datt ee wéi gesot eleng ass an och net dierf mam Festland kommunizéieren. Dat heescht um Boot hat de Jérome Merker keen Handy, kee 5G-Netz, kee Sattelittentelefon.

“Dat eenzegt Kommunikatiounsmëttel wat mer u Bord hunn ass eist Funkgerät, dat ass souwisou obligatoresch...An dat zweet Kommunikatiounsgerät wat mer hunn ass e Radio dee Kuerzwellen empfänkt an do kréie mer all 24 Stonnen eis Météosprevisioune mat gedeelt.”

An en plus ass et dem Skipper net erlaabt Assistenz unzefroen.

“All Problem, dee mer op eisem Boot rencontréieren, ob e Seegel räisst, strukturell Schied respektiv e Lach am Boot, mer mussen alles u Bord fir dat selwer ze flécken. Well soubal mir op Assistenz vu baussen zeréck gräifen, si mer ‚Hors-Course‘ an eliminéiert.”

“Et huet sech wierklech gelount”

De Jérome Merker huet e puer Joer a seng Aventure investéiert an dann och d’Ënnerstëtzung vum perséinlechen Ëmfeld a vun der eegener Famill:

“Do kann ee sech dann esou Froe stellen: Hätt ech dat nach eng Kéier gemaach, hätt ech hoergenee dat nämmlecht gemaach. Vläicht hätt ech déi eng oder aner Saach anescht gemaach. Mee en gros sinn ech ganz ganz zefridde mat deem wat ech erreecht hunn.”

Den Retour an de normalen Alldag

Et ass eng weider Fro iwwer déi Jérome Merker sech och Gedanke gemaach huet an zwar wéi een no senger Aventure d’Transitioun a säin “normaalt” Liewe fäerdeg bréngt. Well en awer ustrengend Méint hannert sech huet wou am Fong just d’Seegelen am Fokus stoung. An hien alles, lénks a riets, huet mussen ausblenden.

“Mee schlussendlech ass et mer elo net esou schwéier gefall. Meng Famill huet do och vill gehollef, ech hunn och e klenge Fils doheem an ech wollt och meng Fra ënnerstëtze wat si esou mécht. Och e bëssen zeréck ginn well déi Zäit wou ech net do war, war ech net fir meng Famill do...An ech hunn elo immens dovu profitéiert fir Zäit mat menger Famill ze verbréngen.”

Lauschterenplay_arrow