Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ Jéngste Premier an der Geschicht vun Irland gëtt vereedegt

Irland

Jéngste Premier an der Geschicht vun Irland gëtt vereedegt

An Irland gëtt de Simon Harris haut offiziell zum neie Premier ernannt. Mat 37 Joer gëtt hien dee jéngste Regierungschef jeemools an Irland.

auto_stories

1 min

Hien ersetzt de Leo Varadkar, dee Mëtt Mäerz iwwerraschend zeréckgetruede war. De Simon Harris ass den Ament Héichschoulminister. Hie war virdrun ënner anerem och Gesondheetsminister zur Zäit wéi d‘Corona Pandemie ugefaangen huet.

D‘Parlament zu Dublin soll de Mëtteg fir de Simon Harris als neien iresche Premier ze wielen.