De Jean Asselborn féiert seng Decisioun op d’Entwécklung an der Migratiounspolitik zeréck: dat hätt him ganz staark zougesat, esou de Jean Asselborn. Dowéinst wier seng Conclusioun net an d’Chamber ze goen. Dat wier dat Bescht fir seng Partei a fir hie selwer. De Jean Asselborn ass sech bewosst, datt vill Leit dowéinst kéinten enttäuscht sinn. Hie bräicht awer elo “e wéineg Rou”.
Ob hien d’nächst Joer bei den Europawalen untrëtt, géif dovun ofhänke wéi seng Partei a wéi hie selwer dozou stéingen. Dës Entscheedung géif réischt am Februar geholl ginn.
Bei de Chamberwalen den 8. Oktober hat de Jean Asselborn vun alle Kandidaten déi zweetmeeschte Stëmme kritt, hannert dem Xavier Bettel. Am Bezierk Süde war de 74 Joer ale Jean Asselborn den Éischtgewielte ginn.
Den Siwent-Gewielten op der LSAP-Süd-Lëscht Yves Cruchten huet eis de Mëtteg gesot, datt hie selbstverständlech an der Chamber wäert noréckelen, well de Jean Asselborn säi Mandat net unhëlt.