Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Tulipe (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jacques Delors ass dout

Fréieren EU-Kommissiounspresident

Jacques Delors ass dout

De fréieren EU-Kommissiounspresident Jacques Delors ass dout. Hien ass am Alter vun 98 Joer a senger Wunneng zu Paräis verstuerwen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky
(Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

De Jacques Delors war EU-Kommissiounspresident vun 1985 bis 1995 a franséische Finanzminister an den Ufank 80er fir de Parti socialiste ënnert dem franséische Premier Pierre Mauroy an dem President François Mitterrand. 

De fréiere Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker, deen och EU-Kommissiounspresident war, weist sech op eis Nofro hin traureg iwwer den Doud vum Jacques Delors. D’Relatioun tëschent him an dem Jacques Delors wier déi vun engem Papp a sengem Fils gewiescht a vun engem Schoulmeeschter a sengem Schüler. Hien hätt den europäesche Banne-Maart opgebaut a sech ganz staark fir d’Wirtschafts- a Wärungsunioun engagéiert. Grad ewéi fir verstäerkte Sozialrechter, betount de Jean-Claude Juncker.

Reaktioun vum Jean-Claude Junckerplay_arrow