Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Japan gewënnt déi éischt olympesch Goldmedail am Breakdance

Olympesch Spiller

Japan gewënnt déi éischt olympesch Goldmedail am Breakdance

Eng éischte Kéier ass och Breakdance bei den Olympesche Spiller mat derbäi an do goung d‘Goldmedail de Samschdeg den Owend bei den Dammen un déi 25 Joer al Japanerin Ami Yuasa. Si huet hir Géignerin Nicka aus Litauen 3:0 geklappt.

auto_stories

1 min

Ami Yuasa | © picture alliance/dpa | Sina Schuldt
Foto: picture alliance/dpa | Sina Schuldt

Fir Amusement am Netz hat awer eng aner Breakerin gesuergt. Déi australesch Wëssenschaftlerin Rachael Gunn, mam Kënschtlernumm Raygun, koum mat null Punkten op déi leschte Plaz am Wettkampf. Si hat sech bei hirer Prestatioun beispillsweis um Buedem gewänzelt oder ass ronderëm gehopst ewéi e Känguru. A gouf domat eng viral Sensatioun.

Am Medailespigel leien d‘USA a China iwwregens elo mat jeeweils 33 Goldmedaile gläichop.