Wat Groussbritannien ugeet sinn Analyste vun den negativen Zuelen iwwerrascht. Et hat ee just mat engem Minus vun 0,1 Prozent gerechent. Déi Entwécklung gëtt als Réckschlag fir dem Premier Rishi Sunak seng Wirtschaftspolitik ugesinn, an dat ausgerechent an engem Waljoer.
Japan huet seng Positioun als drëttstäerkst Ekonomie weltwäit un Däitschland ofginn: Japan ass am leschten Trimester 2023 onerwaart an eng Rezessioun gerutscht. De PIB ass op 4,21 Billiounen Dollar zréckgaangen. Och de Cours vum Yen ass däitlech erof gaangen.
Lëtzebuerger PIB kéint wuessen
D‘Inflatioun an der Eurozon wäert da viraussichtlech méi séier falen, wéi nach am Hierscht erwaart. D‘EU-Kommissioun geet dovun aus, datt d‘Inflatioun vu 5,4 Prozent zejoer op dëst Joer 2,7 Prozent wäert erofgoen, nach een hallwe Prozentpunkt manner wéi an enger viregter Estimatioun. Dat haaptsächlech wéinst der Baisse bei den Energiepräisser an dem wirtschaftleche Ralentissement.
De Lëtzebuerger PIB wäert Bréissel no dëst Joer ëm 1,3 Prozent wuessen. Géintiwwer zejoert ass dat ee Minus vun 0,8 Prozent. Domat ass d‘EU-Kommissioun liicht méi skeptesch wéi de Statec, deen e Wuesstem vun 2 Prozent virausgesot huet, géintiwwer Minus 1 Prozent 2023.