Zu Lëtzebuerg ass d‘Datelag iwwer Feminicidë schlecht. D‘Plattform JIF, bei där eng Rei Associatiounen aus der Zivillgesellschaft matschaffen, geet dovun aus, datt och dat géif änneren, wann net méi all Mord un enger Fra an d‘Kategorie Homicide volontaire fält, sou d‘Gabrielle Antar, Direktesch vum Nationale Fraerot a Spriecherin vun der Plattform JIF.
"2022 sinn néng Frae gestuerwe wéinst Homicide volontaire a mir wësse lo net ob déi néng Frae wéinst Feminicide gestuerwe sinn oder eppes anescht. An dofir wier déi Asetzung vum Feminicide am Code pénal wichteg, fir ze wëssen, wéi eng Zuele mat Feminicide ze dinn hunn, a wat net."
Vu Feminicide geet am allgemenge Sproochgebrauch Rieds, wann eng Fra ermort gëtt, well se eng Fra ass, zum Beispill vum Partner. Zu Lëtzebuerg kann déi Dot elo schonn a gewësse Fäll strofrechtlech poursuivéiert ginn, et mussen dofir awer laut Artikel 454 gewësse Konditiounen erfëllt sinn. Dat soll also der JIF no ännere mat engem nach méi kloren Antrag an de Code pénal, eppes wat d‘CSV iwwregens an hirem Walprogramm stoen hat.
"Mir hoffe mat eisen Aktiounen datt dat méi eng Pressioun gëtt fir de Gouvernement."
Virgesinn ass awer am Regierungsprogramm bis elo just, datt déi aktuell Dispositiounen evaluéiert ginn. Dobäi géif et genuch Inspiratiounsquelle ginn, wann och net just an Europa.
"Zypern ass dat eenzegt Land, dat hei an Europa ee Gesetz huet géint de Feminicide, an ech mengen, et ass eng Opportunitéit fir Lëtzebuerg a Südamerika sech ze inspiréieren a sech als Exemple virzestelle fir de Feminicide am Code pénal anzeschreiwen."
Eng weider Fuerderung an deem Zesummenhang betrëfft awer och d‘Sprooch, déi benotzt gëtt, fir iwwer Feminicide ze schwätzen. D‘Plattform JIF wënscht sech, datt all Mord un enger Fra wéinst hirem Geschlecht och als dat an der Ëffentlechkeet behandelt gëtt.