Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
search

/ Joe Biden: Zäit de Krich an der Gazasträif op en Enn ze bréngen

Noen Osten

Joe Biden: Zäit de Krich an der Gazasträif op en Enn ze bréngen

Eng Propos bei den Verhandlunge wier vun Israel acceptéiert ginn, sot hien de Freideg virun der Press am Wäissen Haus. Deen Accord wier ënnert der Mediatioun vun den USA, dem Katar an Ägypten méiglech ginn.

auto_stories

1 min

Jo Diseviscourt | © U.S. Secretary of Defense / Flickr
Jo Diseviscourt (Foto: U.S. Secretary of Defense / Flickr)

De Plang gesäit dräi Phase vir a gouf der radikalislamistescher Hamasbeweegung ënnerbreet. D’Zil vun deem Plang wier et een dauerhafte Waffestëllstand ze garantéieren an d’Geiselen ze befreien.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet sengersäits betount, datt de Krich nëmmen dann op een Enn kéim, wann all d’Geisele bis befreit wieren. Och déi militäresch Capacitéite vun der Hamas misste ganz zerstéiert ginn. Den Netanjahu huet awer net gesot, ob seng Pläng mat der Propositioun vum Joe Biden iwwertenee stëmmen.