Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwerschwemmungsgefor: Nordfrankräich weider mat villem Ree geplot

Pas-de-Calais

Iwwerschwemmungsgefor: Nordfrankräich weider mat villem Ree geplot

An Nordfrankräich hält d‘Iwwerschwemmungsgefor d‘Leit weider an Otem. Am Departement Pas-de-Calais ass rëm weidere Reen annoncéiert.

auto_stories

1 min

Haut a muer sinn dofir rëm 388 Schoulen a ronn 280 Gemengen zou. 60 Stroossen si gespaart an d‘Pompjeeë si weider am Asaz, well ëmmer rëm Flëss a Baachen iwwerlafen.

No de Stierm "Kieren“ an "Domingos", déi den Nordwesten an den Norde vu Frankräich, vum 1. bis de 5. November getraff haten, gëtt de materielle Schued op 1,3 Milliarden Euro chiffréiert.

Gutt 90 Prozent de Schied wieren u private Wunnengen a Gebaier entstanen, esou de franséischen Assurance-Verband.