Radioen

On air

Notturno  |  Vic Chesnutt - Chinaberry Tree

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Iwwerschafften nationalen Aktiounsplang

Egalitéit tëschent Fra a Mann

Iwwerschafften nationalen Aktiounsplang

De Gläichstellungs- an Diversitéitsministère huet eng iwwerschaffte Versioun vum nationalen Aktiounsplang fir d’Egalitéit tëschent Fra a Mann presentéiert.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Danièle Siebenaler a Yuriko Backes | © Michelle Barthel play_arrow
Danièle Siebenaler a Yuriko Backes (Foto: Michelle Barthel)

Den aktuellen Aktiounsplang behält weiderhin déi dräi grouss Prioritéiten, aus deem vun der viregter Regierung, bäi. 

Sensibiliséierung a Formatioun vun der Gesellschaft

“Dat hei ass wierklech en Engagement continue. Mir maachen hei elo keng Revolutioun. Mir bauen op eppes weider op, dat besteet an dat gut ass.”

An där iwwerschaffter Versioun sinn elo 55 Mesuren an 109 Aktioune geplangt. D’Prioritéiten an d’Objektiver léie virun allem op der Sensibiliséierung an op der Formatioun vun der Zivilgesellschaft, sou d’Yuriko Backes. 

“Ech menge mir wëssen alleguerten (...), datt d'Egalitéit tëschent Fraen a Männer nach net erreecht ass.“

Am Ranking vum European Institute for Gender Equality (EIGE) steet Lëtzebuerg op der 7. Plaz. An dem EIGE no, bréicht een nach 60 Joer an Europa bevir Egalitéit erreecht wier, erkläert d'Yuriko Backes. 

De World economic Forum géif esouguer soen, datt Lëtzebuerg méi wéi 130 Joer bréichte fir Egalitéit ze erreechen, esou nach d’Ministesch virun der Press. 

Den Ament ginn et net genuch Donnéeën

Et wéilt een iwwerdeems eng “evidence-based” Politik maachen. Dofir bräicht een Donnéeën a Statistiken an dowéinst wéilt een den Observatoire de l'égalité entre les genres weider ausbauen.

Dësen Aktiounsplang ass ee vun dräi Aktiounspläng, déi am Kader vum Koalitiounsaccord sollen ausgeschafft oder iwwerschafft ginn, sou d’Gläichstellungsministesch Yuriko Backes. Deementspriechend wier nach e L.G.B.T.Q.I.A.+-Aktiounsplang an e Plang géint genderspezifesch Gewalt geplangt.

Lauschterenplay_arrow