Radioen

On air

Notturno  |  Charlotte Haesen - The Parrot's Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwerreschter vu risegem Mieresskorpioun am Éislek fonnt

Aussergewéinlech Decouverte

Iwwerreschter vu risegem Mieresskorpioun am Éislek fonnt

Virun 406 Millioune Joer hunn dës Mieresskorpioune gelieft. Se konnte bis zu 1,5 Meter lang ginn a waren domat déi gréissten Déieren vun dëser Aart. Esou ee Fossill ze fannen wier extrem rar, wéi de Paleontolog Ben Thuy erkläert.

auto_stories

1 min

© MNHN
(Foto: MNHN)

Zu Consthum am Éislek goufen Iwwerreschter vun engem gewaltege Mieresskorpioun fonnt ginn. D’Fuerscher schätzen, datt déi Skorpioune ronn 1,5 Meter laang waren. Se gehéieren zu deene gréissten Déieren hirer Aart (Articulata) an hu viru gutt 406 Millioune Jore gelieft. Eng sielen Decouverte, betount den Dr. Ben Thuy, Paleontolog vum Naturmusée, deen d'Missioun leet.

"Der Fund ist insofern besonders, weil diese Riesenskorpione insgesamt sehr selten als Versteinerung gefunden werden. Und gerade in unserer Region gibt es bisher kaum Nachweise. Und was vor allen Dingen besonders ist, ist, dass die Reste, die wir gefunden haben, teilweise noch zusammenhängen. Also das sind nicht nur Einzelteile, sondern das ist quasi ein zusammenhängendes Stück von so einem großen Skorpion.”

Lauschterenplay_arrow

Nodeems d’Iwwerreschter an deenen nächste Méint opbereet goufen, kann een de Fonnt dann an den Nationalmusée fir Naturgeschicht bestaune goen.