Radioen

On air

9 bis 1  |  Klassik Live

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Héichwaasser a Bayern: Drëtten Damm gebrach

3.000 Leit goufe bis elo evakuéiert

Héichwaasser a Bayern: Drëtten Damm gebrach

D‘Héichwaassersituatioun am Süden a Südweste vun Däitschland bleift ugespaant. De Kanzler Olaf Scholz an d‘Inneministerin Nancy Faeser reesen haut op Reichertshofen a Bayern fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen. Do ass en Damm gebrach. Deen drëtte schonn an der Regioun.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Héichwaasser Bayern | © picture alliance/dpa | Stefan Puchner play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Stefan Puchner

Bis de Méindeg Nomëtteg goufen a Bayern eng 3.000 Leit op verschiddene Plazen evakuéiert, esou de bayreschen Inneministère. A Baden-Württemberg goufen de Moien och Leit preventiv evakuéiert, well e weidere Floss riskéiert, iwwert d‘Ufer ze lafen. Bis elo geet vun zweet Doudesaffer Rieds. Wéinst dem Héichwaasser bleift den Zuchverkéier am Süde vun Däitschland staark perturbéiert.

Och an der Nuecht huet et weider am Süde vun Däitschland staark gereent. Besonnesch betraff si Baden-Württemberg a Bayern. Punktuell sinn iwwer 50 Liter Ree pro Meterkaree erofkomm. Am Laf vum Méindeg sollen d’Donnerwieder weider a Richtung Alpen zéien an domat an deenen éischte Regioune fir e bëssen Entlaaschtung suergen.

Risikofakteur Donau

An anere Stied dierft et awer haut eréischt zu den Héchststänn vum Waasser kommen. Zu Passau am Oste vu Bayern, wou d’Flëss Donau, Inn an Ilm zesummelafen, gëtt mat engem Waasserstand vun iwwer 9 Meter gerechent. Gutt annerhallef Meter méi wéi nach um Sonndegowend. Dat, well déi kleng Flëss, déi iwwert de Weekend a Baden-Württemberg a Bayern vollgelaf sinn, bal alleguerten iergendwann an d’Donau fléissen.

Gëschter waren de bayresche Ministerpresident Markus Söder an de Vize-Kanzler Robert Habeck an d’Katastrofegebitt gereest. 

Besser preparéiert wéi an der Vergaangenheet

Sou schlëmm d’Lag am Süde vun Däitschland déi lescht Deeg war, sou hat den däitsche Wiederdéngscht awer nach Schlëmmeres gefaart. Vill Gemenge waren och dowéinst besser preparéiert, wéi an der Vergaangenheet. Bis elo goufen a Bayern eng 3.000 Leit op verschiddene Plazen evakuéiert, esou de bayreschen Inneministère.

A Baden-Württemberg goufen de Moien an der Gemeng Leinzell och Leit preventiv evakuéiert. Eng Spriecherin vun der Krisencellule sot, de Floss Leinz géif do riskéieren, iwwer d‘Ufer ze lafen.

Trotzdeem ass zu Pfaffenhofen un der Ilm, ronn 50 Kilometer nërdlech vu München, eng Persoun ëm d’Liewe komm. E Pompjee ass bei engem Rettungsversuch erdronk. E weidere fräiwëllege Pompjee an der Géigend vun Ulm gëtt nach ëmmer vermësst.

Lauschterenplay_arrow